![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/87/Milan_Kundera_redux.jpg/640px-Milan_Kundera_redux.jpg&w=640&q=50)
Milan Kundera
tschechesch-franséische Schrëftsteller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Milan Kundera, gebuer den 1. Abrëll 1929 zu Brno, an der Tschechoslowakei, a gestuerwen den 11. Juli 2023 zu Paräis[1], war en tschechesch-franséische[2] Schrëftsteller. Hie gouf mat senger Anthologie Směšné lásky (de: Das Buch der lächerlichen Liebe, 1969) bekannt. 1975 ass hien, well en nom Nidderschloe vum Prager Fréijoer an der "Normalisatiouns-"Phas dono fir de kommunistesche Regime eng persona non grata gi war, a Frankräich geplënnert. Dee gréisste kommerzielle Succès hat hie mam Roman L' insoutenable légèreté de l'être (1984). Vun 1984 un huet de Kundera op Franséisch geschriwwen. Hie war Enseignant fir Literatur op der École des hautes études en sciences sociales (EHESS) zu Paräis.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Milan Kundera | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
1. Abrëll 1929 Královo Pole |
Gestuerwen |
11. Juli 2023 7. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich, Tschechesch Republik, Tschechoslowakei, apatride |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Dréibuchauteur, Iwwersetzer, Romancier, Dramatiker, Universitéitsprofesser, Dichter, Dramaturg, Essayist, Prosaist |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences, American Academy of Arts and Letters |
Famill | |
Bestuet mat | Věra Kunderová, Olga Haasová |
Papp | Ludvík Kundera |
Mamm | Milada Kunderová |
![]() |
Zoumaachen