De Mouvement écologique, och nach Meco[1] oder Mouveco[2] genannt, ass eng lëtzebuergesch Ëmweltschutzorganisatioun, déi 1968 vun enger Rei vu Jugendlechen als Jeunes et environnement gegrënnt gouf. D'Organisatioun trëtt fir de Schutz vun der Natur an der Ëmwelt an, mam Zil vun enger méi grousser Liewensqualitéit.
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
MOUVEMENT ECOLOGIQUE (ANC.JEUNES ET ENVIRONNEMENT), ASBL | |
---|---|
Ofkierzung | Mouveco |
Zweck | Ëmweltschutz |
Grënnungsdatum | 18. Mäerz 1975 |
Sëtz | Oekozenter Pafendall, 6 rue Vauban, Lëtzebuerg |
President | Blanche Weber |
De Meco ass den 18. Mäerz 1975[3] als Veräin ouni Gewënnzweck (ASBL) gegrënnt ginn[4]. En huet säi Sëtz am Oekozenter Pafendall an der Stad Lëtzebuerg.
De Meco ass ënnert dem Numm Friends of the Earth Luxembourg déi lëtzebuergesch Sektioun vun der internationaler ONG Friends of the Earth international[5].
President vun 1973 bis 2003 war den Théid Faber. Presidentin zanter 2003 ass d'Blanche Weber.
Publikatiounen
- De Kéisécker (gëtt et net méi)
- De KéiséckerInfo
- GemengenËmweltInfo
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- Les propositions du Meco, Artikel am Le Quotidien den 8. Oktober 2018, op pressreader.com, fir d'lescht gekuckt den 11. November 2018
- Mouveco fête ses 50 ans op 5minutes.rtl.lu den 29. Oktober 2018
- Cf. MOUVEMENT ECOLOGIQUE (ANC.JEUNES ET ENVIRONNEMENT), ASBL op http://www.legilux.public.lu
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.