From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Nationalstadion vu Peking, wéinst senger apaarter Architektur ëmgangssproochlech och nach dacks Vullenascht genannt, ass e Stadion am Norde vun der chineesescher Haaptstad Peking. D'offiziell Ouverture vum Stadion deen en vue vun den Olympesche Summerspiller 2008 gebaut gouf, war den 28. Juni 2008. Tëscht dem 8. a 24. August 2008 war en d'Haaptarena vun de Spiller vun der XXIX. Olympiad a vum 6.-17. September 2008 ginn hei Summer-Paralympics 2008 ofgehalen. Den Nationalstadion huet fir d'Zäit vun de Spiller eng Capacitéit vun 91 000 Spectateuren, déi awer herno op 80 000 reduzéiert soll ginn.
D'Gebai ass 333 Meter laang, 294 Meter breet, 69 Meter héich an huet eng Buedemfläch vun 285 000 m². Et goufen 42 000 Tonne Stol verschafft. De Bau huet ronn 3,5 Milliarden Yuan, respektiv 325 Milliounen Euro kascht. D'Pläng fir den Entworf vum Stolkoloss koume vun engem Konsortium aus de Schwäizer Architekten Herzog & de Meuron, der Consultingfirma ArupSport an der China Architecture Design & Research Group (CAG). D'Architekte goufen bei der Realisatioun vum chineesesche Kënschtler an Architek Ai Weiwei beroden.
Commons: Beijing National Stadium – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.