Volleksrepublik China

Staat an Ostasien From Wikipedia, the free encyclopedia

Volleksrepublik China
Remove ads

D'Volleksrepublik China ass e Land an Asien, wat dofir bekannt ass, datt et am Moment déi gréisst Awunnerzuel vun der Welt huet. D'Haaptstad, Peking (Beijing), läit no bei der Ostküst vu China. Déi ëstlech Regioune vum Land gëllen als "special economic zones", wou d'Maartwirtschaft erlaabt a gefërdert ass. Ee ganz groussen Deel vum Land funktionéiert awer nach nom ale System: Eng Aart kommunistesch Diktatur wou (bal) alles dem Staat gehéiert.

Dëse Geographiesartikel iwwer China ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
中华人民共和国
Zhōnghuá Rénmín Gònghéguó

Thumb

Thumb

Detailer

Detailer
National Devise: keng
Thumb
Offiziell Sprooch: Chineesesch
Haaptstad: Peking
  Awunner: 1.425.887 (2022)
  Koordinaten: 39°55'N, 116°23'E
Staatsform:
  President: Xi Jinping
  Chef vun der Regierung: Li Qiang
Fläch: 9 572 900 km² (4.)
  Dovu Waasser: 2,8 %
Bevëlkerung: 1.411.750.000 (2022) (1.)
  Bevëlkerungsdicht: 136,5/km²
Onofhängegkeet: 1. Oktober 1949 (Staatsgrënnung)
Nationalfeierdag: 1. Oktober
Nationalhymn: Marsch vun de Fräiwëllegen
Wärung: Renminbi (CNY)
Zäitzon: UTC +8
Internet TLD: .cn
Internationalen
Telefonsprefix
:
+86
Thumb
Kaart vu China
Remove ads

Geschicht

  Haaptartikel zu dësem Theema: Geschicht vu China  Wéi den Zweete Weltkrich eriwwer war, ass och de chineesesche Biergerkrich tëscht der Kommunistescher Partei vu China an dem Kuomitang sengem Enn entgéint gaangen. Dat war drop zeréckzeféieren, well d'Kommunisten dunn dat ganzt Festland kontrolléiert hunn an datt de Kuomingtan zu Taiwan, wuer e virdru geflücht war, Här a Meeschter ginn ass. Den 1. Oktober 1949 huet dunn de Mao Zedong d'Volleksrepublik China proklaméiert an e kommunistesche Staat gegrënnt. D'chineesesch Onofhängegkeet war domat erëm hiergestallt mä vill Millioune Mënsche sinn duerch déi Evenementer ëmkomm, wéi zum Beispill beim grousse Spronk no vir oder spéider bei der Kulturrevolutioun.

Nom Doud vum Mao huet den Deng Xiaoping, dee méi pragmatesch virgaangen ass, d'Heft an d'Hand geholl. D'Kommunistesch Partei ass zwar um Rudder bliwwen, mä d'Kontroll iwwer dat perséinlecht Liewe vun de Leit gouf manner staark. Um politesche Plang huet dat sech manner bemierkbar gemaach, awer d'Zentralverwaltungswirtschaft gouf Schratt fir Schratt méi labber, an de Wee no enger sozialistescher Maartwirtschaft gesicht. Dat verhënnert net, dat d'Nopere vu China an och déi westlech demokratesch Länner China weiderhin als autoritär Diktatur ugesinn.

Remove ads

Geographie

Klima

Bevëlkerung

Thumb
Chineesesch Kanner

No der Grënnung vun der Volleksrepublik, am Joer 1949, hunn a China méi oder manner 540 Millioune Mënsche gelieft. An den 1950er Joren ass hir Zuel, trotz niddreger Liewenserwaardung, staark gewuess. Eréischt vum Enn vun de fofzeger Joren un, huet d'Opfaassung sech duerchgesat, déi Entwécklung misst gebremst ginn. Vun do un ass lues a lues, ouni ze zécken, op Methode vun der Gebuertekontroll zeréckgegraff ginn.

No der Kulturrevolution goufen d'Mesuren am Intressi vun der Gebuertekontroll zousätzlech verstäerkt, an zwar am Intressi vun enger positiver Wirtschaftsentwécklung, déi, no chineesescher Meenung, duerch eent ze séiert Wuesse vun der Populatioun a Fro gestallt gëtt.

Hei drënner ass en Tableau mat der Entwécklung vun der chineesescher Bevëlkerung vun 1950 bis 2050. D'Zuele vun 2025 bis 2050 si geschat[1]:

Méi Informatiounen Joer, Awunner ...

Gréisser Stied

Kuckt och: Lëscht vun de chineesesche Groussstied.

Uertschaften a Plazen, wou den Tourismus blitt

Remove ads

Kultur

Musek

Thumb
Eng faarweprächteg Pekingoper
  • Déi chineesesch Musek ass staark gefillsbetount. An der traditioneller chineesescher Musek gëtt et e puer Instrumenter, déi dacks am Solo-Modus benotzt ginn. Dozou gehéieren d'Bambus-Flütt Dizi, d'Qin, déi enger Zitter gläicht an d'Erhu, e Sträichinstrument. Vill gëtt och d'Pipa, een anert Soloinstrument, gespillt. Zu dëser Grupp zielt och d'Suona, déi wéinst hirem haarden Toun opfält an déi besonnesch um Land gespillt gëtt.
  • Eng eegenaarteg musikalesch Opféierung ass déi bekannt Pekingoper. Et ass eng Mëschung vu Gesank, Danz, Spill a Kampfhandlungen déi mat staark betounte pantomimeschen Elementer duerchsat ass. De Bünendekor ass dënn geséint, mä d'Acteure presentéiere sech a faarweprächtege Kleeder.
  • Lauschtert en Audioclip mat chineesescher Musek

Relioun

Thumb
China: De Buddha, gutt bewaacht

Daoisten (Taoisten), Buddhisten, Moslemen 1-2 %, Chrëschten 3-4 % (Schätzung: 2002).
Bemierkung: Offiziell ginn d'Chineesen als Atheiste bezeechent.

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: China – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads