Naturbësch
From Wikipedia, the free encyclopedia
En Naturbësch ass e Bësch oder en Deel vun engem Bësch, deen Naturschutzgebitt ass, an an deem keng Bëschwirtschaft méi bedriwwe gëtt, fir säin natierlechen Zoustand z'erhalen oder erëm hierzestellen.
Zu Lëtzebuerg gi fir Naturbëscher dës Ziler [1] ugestrieft:
- Déi natierlech Entwécklung vun den Ekosystemer an der Biodiversitéit an deem Bësch,
- D'Schafe vu Beobachtungsplaze fir Bëschfuerschung an Iwwerwaache vun der natierlecher Ëmwelt,
- Bilde vu geneetesche Reserven an Ënnerhale vun der geneetescher Villfalt,
- Fërdere vum Wäert vun dësem Naturschutzgebitt fir Erhuelung a Bildung.
Am Naturbësch ass et verbueden, déi markéiert Weeër ze verloossen, dat fir d'Liewensgemeinschaften am Bësch sou mann wéi méiglech ze stéieren. Well keng doudeg Äscht oder Beem ëmgeluecht ginn, besteet d'Gefor datt si falen. Dofir kennt och keng Assurance op, wann een de markéierten a gesécherte Wee dach verléisst.