![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/1d/Nature_reserve_Am_Pudel_2022-12_---1.jpg/640px-Nature_reserve_Am_Pudel_2022-12_---1.jpg&w=640&q=50)
Naturschutzgebitt Am Pudel
Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Naturschutzgebitt am Pudel ass en Naturschutzgebitt an de Gemengen Esch-Uelzecht a Schëffleng, dat duerch e groussherzoglecht Reglement vum 5. Februar 2007 geschaf gouf.[1]
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![]() | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Schëffleng |
Fläch | 15,49 ha |
Nationalcode | ZH 43 |
Koordinaten | 49°30'32"N, 6°0'7"O |
Status | Geschützt Zon vun nationalem Intressi |
Geschützt zanter | 5. Februar 2007 |
D'Naturschutzgebitt stéisst am Osten un d'Fiichtzon Brill, a bilt zesumme mat där eng ronn 35 ha grouss Gréngzon tëscht Schëffleng a Lalleng. Et setzt sech zesummen aus zwéin Deeler déi riets a lénks vun de Gleiser leien, déi vun der Schëfflenger Schmelz op d'Zementswierk an op de Lallenger Tipp féieren.
Et gehéiert zu der Zone de protection spéciale (ZPS) «Vallée supérieure de l'Alzette» vum Projet LIFE-Nature mat nach follgenden Naturreserven: Am Bauch zu Féiz, Brill zu Schëffleng, Dumongshaff tëscht Schëffleng a Féiz, Stréissel zu Beetebuerg, a Réiserbann zu Réiser, déi zesummen eng protegéiert Fläch vun iwwer 1.000 ha hunn.
Geographesch Koordinaten: 49° 30’ 36.46’’ N 6° 00’ 04.79’’ E