![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/bf/Nommern%252C_Eechelbuer-Lock_%2528105%2529.jpg/640px-Nommern%252C_Eechelbuer-Lock_%2528105%2529.jpg&w=640&q=50)
Naturschutzgebitt Eechelbuer-Lock
Naturschutzgebitt a prehistoresche Site an der Gemeng Noumer / From Wikipedia, the free encyclopedia
Eechelbuer-Lock (och alt an der Schreifweis Aechelbur-Lock) oder Op de Leeën[1] ass en Naturschutzgebitt (réserve naturelle), Waasserschutzgebitt, FFH-Gebitt (Fauna-Flora-Habitat-Gebitt) an e prehistorescht archeologescht Gebitt[2] bei Eechelbuer an der Gemeng Noumer.
![]() | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Eechelbuer |
Koordinaten | 49°48'13,00"N, 6°11'16,84"O |
Status | Klasséiert Monument |
Bei archeologeschen Ausgruewungen am August a September 2002 konnte verschidde mënschlech Aktivitéiten an der Virgeschicht an an der Fréigeschicht nogewise ginn. De Site ass scho viru méi wéi 10.000 Joer vun de Jeeër a Sammler aus der Mëttelsteenzäit opgesicht ginn, et war an de Koffer-, Bronze- an Eisenzäit eng Kultplaz an e Kierfecht a vun der Réimerzäit un, bis an eis Zäit eran, gouf en als Steekaul benotzt[1].
D'Gebitt zielt zënter dem 20. November 1972 zu de klasséierte Monumenter zu Lëtzebuerg[3].