Nicole-Reine Lepaute
franséisch Astronomin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Nicole-Reine Lepaute (Nicole-Reine Étable de la Brière Lepaute), gebuer de 5. Januar 1723 a gestuerwen de 6. Dezember 1788, war eng franséisch Astronomin an der Zäit vun der Opklärung. Hire Mann, de Jean André Lepaute, mat deem si am Joer 1748 bestuet gouf, war kinneklechen Aueremécher. 1762 hat d'Madame Lepaute déi exakt Zäit vun der Sonnendäischtert vum Joer 1764 berechent. Ausserdeem hat si korrekt d'Zeréckkomme vum Koméit Halley fir d'Joer 1759 virausgesot.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Nicole-Reine Lepaute | |
---|---|
Gebuer |
5. Januar 1723 Paräis |
Gestuerwen |
6. Dezember 1788 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Astronom, Mathematiker |
Zoumaachen
Zesumme mam Alexis-Claude Clairaut an dem Jérôme Lalande hat si un der Berechnung vun der Unzéiung vum Jupiter an dem Saturn op de Koméit Halley geschafft.
Hir zu Éiere gouf den Asteroid (7720) Lepaute[1] an de Moundkrater Lepaute genannt.