Norbert Ketter
lëtzebuergesche Photograph / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Norbert Ketter, gebuer de 4. Abrëll 1942 zu Diddeleng a gestuerwen de 5. Februar 1997 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Fotograf.
Norbert Ketter | |
---|---|
Gebuer |
4. Abrëll 1942 Diddeleng |
Gestuerwen |
5. Februar 1997 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Fotograf |
Den Norbert Ketter huet vun 1961 bis 1967 zu Essen op der Folkwang Universität der Künste[1] studéiert, wou e Meisterschüler beim Professer Otto Steinert war. Hien huet säi Studium 1966 ofgeschloss mat der Examensaarbecht „Die Darstellung der Landschaft in der Frühgeschichte der Fotografie (1840 - 1860)“.
Den Norbert Ketter gouf bekannt duerch seng schwaarz-wäiss Fotoen, déi en zu Lëtzebuerg an am Ausland ausgestallt huet; hien huet tëscht 1963 an 1965 dräimol fir eng länger Zäit a Finnland gelieft.
Seng Fotoen, déi hie selwer vergréissert huet, sinn a villen ëffentleche Gebaier ze gesinn. De gréissten Deel vu senge Fotoen hunn entweeder lëtzebuergesch Landschaften oder Mënschen als Theema. Hien huet mat Hasselblad - Mëttelformatfotoapparate geschafft a ganz vill Zäit un d'Vergréisserunge gehaangen.
No sengem Doud huet den CNA säi komplett fotografescht Wierk opkaaft, an dëst an de Joren dono restauréiert a katalogiséiert.
Den Norbert Ketter war de Brudder vum Schrëftsteller Rolph Ketter a vum Graphiker Heng Ketter.