Film vum Paul Kieffer (2007) From Wikipedia, the free encyclopedia
Nuits d'Arabie ass e lëtzebuergesch-belsch-éisträichesche Film vum Paul Kieffer. De Film hat den 12. November 2007 seng Avant-Première am Utopolis.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Lëtzebuerg Belsch Éisträich |
Originalsprooch |
Lëtzebuergesch Franséisch Arabesch |
Ekipp | |
Regie | Paul Kieffer |
Dréibuch |
Paul Kieffer Philippe Blasband |
Fotografie | Jean-Louis Sonzogni |
Musek | Jeannot Sanavia |
Produzent |
Samsa Film Artemis Productions Allegro Film |
Schauspiller | |
Jules Werner als Georges Turmes Sabrina Ouazani als Yamina Anne-Marie Solvi als Nicole Marco Lorenzini als Papp Camille Olinger als Grousspapp Marie-Paule von Roesgen als Groussmamm Serge Tonon als Monni Pat Wengler als Tatta Pol Hoffmann als Jempi | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
De Georges Turmes, Schaffner bei der CFL begéint an engem Zuch dem Yamina, dat sech do verstoppt, well et geschloe gouf. Hie këmmert sech ëm hatt a verstoppt et a sengem Gaardenhaischen. Hatt erzielt him vu sech a senger Famill, déi verfollegt géif. Enges Daags ass hatt verschwonnen, an de Georges mécht sech op d'Sich no him...
Den Ënnertitel vum Film ass: Eng Léift tëscht Bouneweg an Tabelbala.
E gouf am Ganze vu 5.804 Leit am Kino gesinn.[1]
Op der Internet Movie Database hat de Film 2021 e Score vu 6,5 vun am Ganzen 10 Punkten, baséiert op 93 Benotzerbewäertungen.[2]
2007 krut de Komponist Jeannot Sanavia de Präis fir déi bescht Filmmusek bei der Zeremonie vum 3. Lëtzebuerger Filmpräis.
Nuits d'Arabie war och déi lëtzebuergesch Propositioun fir eng Oscar-Nominatioun an der Kategorie "Beschten Internationale Film" fir 2008, gouf awer net nominéiert.[3]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.