Arabesch

semitesch Sprooch From Wikipedia, the free encyclopedia

Arabesch
Remove ads

Arabesch (العَرَبِيةُ al-ʻarabiyyah oder عربي ,عربى ʻarabī) ass déi semitesch Sprooch, déi am wäitsten op der Welt verbreet ass. De Begrëff bezeechent dat klassescht Arabesch aus dem 6. Joerhonnert (an deem spéider och de Koran geschriwwe gouf) an déi modern Sproochen, déi doraus entstane sinn (mat Ausnam vum Malteeseschen).

Méi Informatiounen Arabesch اَلْعَرَبِيَّة, Offizielle Status ...

Héich-Arabesch oder ‏الفصحى‎ Fuṣḥā ass eng vun de sechs Aarbechtssprooche vun de Vereenten Natiounen. Arabesch gëtt vu ronn 206 Millioune Leit als Mammesprooch a vu 94 Millioune Leit als Zweet- oder Friemsprooch geschwat.[1] Well se am reliéise Kontext vum Islam benotzt gëtt huet sech d'Arabescht zur Weltsprooch entwéckelt.

Héicharabesch, Modernt Standard-Arabesch genannt, ass déi eenzeg offiziell Form vum Arabeschen. Et gëtt an de meeschte geschriwwenen Dokumenter benotzt a bei formelle Geleeënheete geschwat (Virliesungen, Medien…). Marokkanescht Arabesch war eng Zäit laang a Marokko eng offiziell Sprooch, bis d'Land Member an der Arabescher Liga ginn ass.

Thumb
D'arabesch Sprooch an der Welt: offiziell (gréng) a ko-offiziell majoritär (hellblo), minoritär (donkelblo)
Remove ads

Phonologie

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads