Omorikafiicht

From Wikipedia, the free encyclopedia

Omorikafiicht

D'Omorikafiicht, Picae omorica oder Serbesch Fiicht ass e Bam aus de serbeschen Tarabierger, wou se haaptsächlech op géien Häng mat réie Biedem a Rendzinen, an a suppege Sanke bis op eng Héicht vun 1.000 Meter virkënnt.

Séier Fakten Wëssenschaftlech Klassifikatioun, Räich ...
Omorikafiicht
Thumb
En Aascht mat jonke Schëtz
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Iwwerofdeelung Somplanzen
Ofdeelung Nolholzplanzen
Uerdnung Pinales
Famill Pinaceae
Gattung Fiichten
Wëssenschaftlechen Numm
Picae omorica
Pančić - Purkyně
Zoumaachen

Si wiisst méi lues wéi d'Fiicht Picea abies, huet awer dofir gutt Pionéierqualitéiten. Se gëtt fréi fruchtbar, mécht dacks Som an zillt sech vegetativ weider. Si ass resistent géint all Zorte vu Frascht, a mécht ganz seele Schnéi- oder Äisbroch. Se verdréit Dréchent sou gutt wéi d'Nätzt, a sauer Reaktioune sou gutt wéi déi neutral. Géint den Zant vum Wëld ass se duerch hir pickeg Nolespëtze protegéiert.

Den Ubau vun Omorika ass op karstegen Häng, a Fraschtlagen a Schnéibrochgéigenden, op Mueren an Heeden ze recommandéieren.

Op naasse Plazen a versaierte Biedem besteet Wandworfgefor, well se do hir Wuerzelen net wäit genuch no ënnen ausbilde kann.

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.