Orion (Mythologie)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Orion war an der griichescher Mythologie e grousse Jeeër aus Böotien. Bei der Juegd gouf hie vu senge Juegdhënn Sirius a Procyon begleet, déi och am Himmel a sengem Stärebild stinn. Wou en hierkënnt ass voller Widderspréch: heiansdo ass hien de Jong vum Poseidon an der Gorgon Euryale, heiansdo huet e gläich dräi Pappen, nämlech de Poseidon, den Zeus an een Drëtten (Hermes oder Ares). Allen dräi sollen hire Som an engem Sak aus der Haut vun engem Stéier gemëscht hunn. Vum Zeus huet en dohier seng Begeeschterung fir erotesch Aventuren, a vum Poseidon d'Fäegkeet iwwer d'Waasser ze goen.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Figur vom Orion aus der griichescher Mythologie. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Orion. |
Seng Fra Side gouf vun der Hera an den Tartaros erofgestouss, well si ze vill houfreg op hir Schéinheet war.