Pandora (Mound)
Saturnmound / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pandora (oder Saturn XVII) ass vu bannen de sechste Saturnmound. Hien ass den zwieleftgréisste vun den 62 bekannte Mounde vum Planéit Saturn. Als sougenannte Schéifermound kreest hie baussenzeg vum F-Rank vun de Saturnréng a stabiliséiert dësen zesumme mam bannenzeg kreesende Mound Prometheus.
Séier Fakten Provisoresch odersystematesch Bezeechung, Zentralkierper ...
Pandora, Foto opgeholl vun der Raumsond Cassini-Huygens de 5. September 2005 | |
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/1980 S 26 |
---|---|
Zentralkierper | Saturn |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 141.720 ± 10 km |
Periapsis | 141.125 km |
Apoapsis | 142.315 km |
Exzentrizitéit | 0,0042 |
Ëmlafzäit | 0,628504213 Deeg |
Inklinatioun | 0,050 ± 0,004° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser |
80,6 ± 4,4 (103 × 80 × 64) km |
Dicht | 0,49 ± 0,08 |
Albedo | 0,60 |
Visuell Magnitude (mag) | 16,0 |
Entdeckung | |
Entdecker |
Stewart A. Collins D. Carlson |
Entdeckungsdatum | Oktober 1980 |
Zoumaachen
Den zaarten F-Rank schléisst direkt un den hellen, am Telesko sichtbaren A-Rank un, ass awer vun der Äerd aus net z'observéieren.