Dës Säit befaasst sech mam Joer 1980.
D'Joer 1980 huet op engem Dënschdeg ugefaangen. Et war e Schaltjoer.
Afrika
- 12. Abrëll: De liberianesche President William Tolbert gëtt duerch e Militärputsch gestierzt a mat 27 anere Politiker an Zaldoten ëmbruecht.
- 18. Abrëll: Déi lescht brittesch Kolonie an Afrika, Simbabwe (fréier: Rhodesien), gëtt onofhängeg.
Amerika
Mëttel- a Südamerika
- 24. Mäerz: Den Äerzbëschof vun San Salvador, Oscar Arnulfo Romero gouf wärend enger Mass erschoss.
Noen Osten an Arabesch Welt
Den amerikanesche Fuerscher Alan Guth stellt d'Inflatiounstheorie vir.
Foussball
- 27. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Bréissel 0:5 géint Belsch.[1]
- 26. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht 0:1 géint Uruguay.[2]
- 01. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 1:0 géint Thailand. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Johny Clemens geschoss.[3]
- 09. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 3:2 géint Südkorea. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jeannot Reiter (2) a Marcel Di Domenico geschoss.[4]
- 11. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 0:1 géint Japan.[5]
- 13. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 0:2 géint Birma.[6]
- 14. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 0:3 géint Südkorea.[7]
- 01. Juli: De Foussballspiller Roby Langers geet vun der Union Lëtzebuerg bei Borussia Mönchengladbach.
- 10. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 0:5 géint Jugoslawien.[8]
- 04. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:2 géint d'USA.[9]
- 11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 0:2 géint Italien.[10]
- 19. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Kopenhagen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 0:4 géint Dänemark.[11]
- 06. Januar: Joëlle Elvinger, lëtzebuergesch Politikerin.
- 14. Januar: Carlos Alvarado Quesada, costa-ricaneschen Auteur a Politiker.
- 17. Januar: Grégory Rast, Schwäizer Vëlossportler
- 19. Januar: Jenson Button, F1-Pilot.
- 23. Januar: Patricia Gengler, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 29. Januar: Nelson Delgado Almeida Rosario, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 30. Januar: Marlene Weingartner, däitsch Tennisspillerin.
- 15. Februar: Jacques Molitor, lëtzebuergesche Filmregisseur.
- 17. Februar: Brigitte Urhausen, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 20. Februar: Simone Schneider, däitsch-lëtzebuergesch Botanikerin.
- 21. Februar: Gilles Becker, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 25. Februar: Gusty Bausch, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 03. Mäerz: Filip Markiewicz, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 12. Mäerz: Gregory Molitor, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 12. Mäerz: Ana Beus, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 16. Mäerz: Félix Koch, lëtzebuergesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 19. Mäerz: Nathalie Toussing, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 25. Mäerz: Bassirou Diomaye Faye, senegaleesesche Politiker.
- 30. Mäerz: Dan Spogen, lëtzebuergesche Radio-Speaker an Tëleesmoderator.
- 31. Mäerz: Sacha Rohmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 07. Abrëll: Jérémie Peiffer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 15. Abrëll: Fränk Schleck, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 07. Mee: Ben Scheuer, lëtzebuergesche Politiker.
- 12. Mee: Rishi Sunak, brittesche Politiker.
- 13. Mee: Saskia Weides, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 03. Juni: Tamim bin Hamad Al Thani, Staatschef vu Katar.
- 07. Juni: Laura Schroeder, lëtzebuergesch Regisseurin.
- 08. Juni: Christine Schaefers, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 20. Juni: Tessy Bamberg-Schitter, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 25. Juni: Paul Bollendorf, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. Juni: Inma Cuesta, spuenesch Schauspillerin.
- 30. Juni: Marc Burelbach, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 26. Juli: Jacinda Ardern, neiséilännesch Politikerin.
- 27. Juli: Allan Davis, australesche Vëlossportler.
- 24. August: João Carlos Ferreira, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 26. August: Chris Pine, US-amerikanesche Schauspiller.
- 08. September: Gilles Birnbaum, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 12. September: Yao Ming, chineesesche Basketballspiller.
- 16. September: Michèle Schilt, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 20. September: Luc Thimmesch, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 24. September: Daniele Bennati, Italieenesche Vëlossportler.
- 15. Oktober: Tom Boonen, belsche Vëlossportler a Stroosseweltmeeschter 2005.
- 20. Oktober: Patrik Sinkewitz, däitsche Vëlossportler.
- 17. November: Santo Anzà, italieenesche Vëlossportler.
- 17. November: Sally Debra, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 07. Dezember: John Terry, englesche Foussballspiller.
- 11. Dezember: Tom Janin, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 12. Dezember: Guy Blaise, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 16. Dezember: Luc Schiltz, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 20. Dezember: Ashley Cole, englesche Foussballspiller.
- 000 Natalie Silva, lëtzebuergesch Politikerin.
- 23. Januar: Lil Dagover, däitsch Schauspillerin.
- 26. Januar: Harry Hemley Plaskett, kanadeschen Astronom.
- 19. Februar: Philippe Schneider, lëtzebuergesche Filmregisseur.
- 19. Februar: Bon Scott, schottesche Museker.
- 22. Februar: Alfred Andersch, däitsche Schrëftsteller.
- 22. Februar: Oskar Kokoschka, éisträichesche Moler a Schrëftsteller.
- 22. Februar: Jean Wolter, lëtzebuergesche Journalist a Politiker.
- 05. Mäerz: Jean Peusch, lëtzebuergesche Mëller a Politiker.
- 05. Mäerz: Edouard Pierret, lëtzebuergesche Professer an Auteur.
- 06. Mäerz: Oscar Arnulfo Romero, Bëschof an El Salvador.
- 08. Mäerz: Roland Armontel, franséische Schauspiller.
- 09. Mäerz: Olga Tschechowa, däitsch Schauspillerin.
- 12. Mäerz: Ernő Gerő, ungaresche Politiker.
- 24. Mäerz: Óscar Romero, salvadoranesche Geeschtlechen.
- 24. Mäerz: Jean Peters, lëtzebuergesche Modelleur an Aulebäcker.
- 30. Mäerz: Pierre Schaack, lëtzebuergeschen Architekt.
- 31. Mäerz: Jesse Owens, US-amerikanesche Liichtathleet.
- 03. Abrëll: Sarah Vaughan, US-amerikanesch Sängerin.
- 15. Abrëll: Jean-Paul Sartre, franséische Philosoph a Schrëftsteller.
- 20. Abrëll: Helmut Käutner, däitsche Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 22. Abrëll: Fritz Straßmann, däitsche Cheemiker.
- 27. Abrëll: Mario Bava, italieenesche Filmregisseur.
- 29. Abrëll: Alfred Hitchcock, brittesche Regisseur.
- 04. Mee: Josip Broz Tito, Staatspresident vu Jugoslawien.
- 10. Mee: Henri Crémieux, franséische Schauspiller.
- 10. Mee: Leslie Peltier, US-amerikaneschen Astronom.
- 07. Juni: Henry Miller, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 16. Juni: Alex Werné, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 21. Juni: Bert Kaempfert, däitschen Orchesterleeder, Museksproduzent, Arrangeur a Komponist.
- 22. Juni: Albert Goldmann, lëtzebuergesche Jurist.
- 27. Juni: Marcel Fischbach, lëtzebuergesche Politiker.
- 01. Juli: Emile Raus, lëtzebuergesche Jurist.
- 12. Juli: Arsène Mersch, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 17. Juli: Jos Schummer, lëtzebuergesche Ringer an Olympionik.
- 24. Juli: Peter Sellers, brittesche Schauspiller.
- 27. Juli: Rezah Pachlewi, gestierzte Schah vum Iran.
- 11. August: Willi Forst, éisträichesche Filmregisseur a -schauspiller.
- 15. August: Hary Haagen, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 20. August: Joe Dassin, US-amerikanesche, franséischsproochege Sänger.
- 26. August: Tex Avery, US-amerikaneschen Zeechentrickfilm-Moler a -regisseur.
- 07. September: Bobby Todd, däitsche Schauspiller.
- 17. September: Anastasio Somoza Debayle, nicaraguanesche Staatspresident.
- 18. September: Joseph Haupert, lëtzebuergesche Politiker.
- 24. September: John Bonham, Batteur vun der Grupp Led Zeppelin.
- 25. September: Lewis Milestone, US-amerikanesche Filmregisseur.
- Oktober: Paul Thibeau, Direkter vum LGL a Member vum Staatsrot.
- 08. Oktober: Maria Holst, éisträichesch Schauspillerin.
- 10. Oktober: François Huberty, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 14. Oktober: Jean-François Adam, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 18. Oktober: Denise Probst-Massin, belsch-lëtzebuergesch Kënschtlerin.
- 23. Oktober: Auguste Trémont, lëtzebuergesche Sculpteur a Moler.
- 07. November: Steve McQueen, US-amerikanesche Schauspiller.
- 21. November: Walter Rilla, däitsche Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 22. November: Mae West, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 24. November: George Raft, US-amerikanesche Schauspiller.
- 29. November: Joel Hurstfield, britteschen Historiker.
- 02. Dezember: Romain Gary, franséische Resistenzler, Diplomat, Schrëftsteller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 08. Dezember: John Lennon, ex-Beatles Museker.
- 24. Dezember: Karl Dönitz, däitsche Groussadmirol.
- 26. Dezember: Charles Reichling, lëtzebuergeschen Diplomat.
- 31. Dezember: Raoul Walsh, US-amerikanesche Filmregisseur.