D'Par Atertdall Sainte-Claire ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]
Se gehéiert zum Dekanat Zentrum an ersetzt déi 17 fréier Pare Biekerech, Biebereg, Bëschrued, Kolpech, Ell, Ielwen, Groussbus, Nojem, Nidderpallen, Uewerpallen, Osper, Réiden op der Atert, Randschelt, Rued, Useldeng, Viichten a Wal.
D'Par läit um Gebitt vun de Gemenge Biekerech, Ell, Groussbus-Wal, Préizerdaul, Réiden op der Atert, Useldeng a Viichten .
D'Patréinesch vun der Par ass d'helleg Klara.
D'Parkierch gouf 2017 nach net festgeluecht a soll bannent den nächsten dräi Joer bestëmmt ginn.
- DECRET ARCHIEPISCOPAL portant sur la suppression des paroisses de Beckerich, Bettborn, Buschrodt, Colpach, Ell, Elvange, Grosbous, Nagem, Niederpallen, Oberpallen, Ospern, Redange, Rindschleiden, Roodt, Useldange Vichten et Wahl et sur l'érection de la paroisse « Atertdall Sainte-Claire » Archivéiert de(n) 2017-07-09. Gekuckt de(n) 2017-05-08.
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.