US-amerikanesche Filmschauspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
De Patrick Joseph McGoohan gebuer den 19. Mäerz 1928, a gestuerwen den 13. Januar 2009 war en US-amerikanesche Filmschauspiller.
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Patrick McGoohan | |
---|---|
Gebuer | 19. Mäerz 1928 |
Gestuerwen |
13. Januar 2009 Santa Monica |
Doudesursaach | Krankheet |
Nationalitéit | USA, Irland |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Synchronspriecher, Schauspiller, Regisseur, Televisiounsregisseur, Televisiounsproduzent, Filmregisseur |
De McGoohan koum an den USA op d'Welt, an ass an Irland opgewuess. Hie gouf bekannt duerch d'Televisiounsserien Danger Man, an den USA erauskomm ënner dem Numm Secret Agent, an duerch d'Haaptroll am Klassiker The Prisoner.
An der Serie Columbo huet hien e puermol e Mäerder interpretéiert, a krut dofir zwéin Emmy Awards. A Braveheart vum Mel Gibson huet hien d'Roll vum Kinnek Edward gespillt, an an Escape from Alcatraz mat dem Clint Eastwood an der Haaptroll, huet hien de Prisongsdirekter gespillt.
De Patrick McGoohan war zanter 1951 mat der Schauspillerin Joan Drummond bestuet, an d'Koppel hat dräi Kanner.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.