1967
Joer From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1967. D'Joer 1967 huet op engem Sonndeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1963 |
1964 |
1965 |
1966 |
1967
| 1968
| 1969
| 1970
| 1971
| ►
| ►►
Evenementer
Europa
- 21. Abrëll: Militärputsch a Griicheland.
- 22. Mee: Bei engem Feier am Bréisseler Akafshaus À l'innovation kommen 251 Mënschen ëm d'Liewen.
- 1. Juli: Wéi am Fusiounstraité virgesinn, leeën d'CECA, d'EWG an Euratom hir Exekutivorganer zu den Europäesche Communatuéiten zesummen.
- 2. Juni: Bei enger Manifestatioun géint de Staatsbesuch vum iranesche Schah zu Berlin kënnt et zu engem massive Police-Asaz; de Student Benno Ohnesorg gëtt vun engem Polizist erschoss.
- 21. August: E Camion, mat 47.000 Liter Bensinn explodéiert zu Maartel. Et gouf 22 Doudeger an Dosende vu schwéier Blesséierten ze bekloen.
- 3. September: A Schweden gëtt vum Lénks- op de Rietsverkéier op de Strooosse gewiesselt ("Dagen –H").
- 16. Oktober: D'Nato verleet hir Befeelszentral op Evere bei Bréissel.
- 18. November: Groussbritannie wäert wéinst sengem Handelsdefizit d'Brittescht Pond ëm 14,3 % of.
- 27. November: De franséische President De Gaulle stëmmt op en Neits géint d'Demande vu Groussbritannien op Memberschaft an der EG.
- 9. Dezember: Den Nicolae Ceausescu gëtt President vum Staatsrot (d. h. Staatspresident) vu Rumänien.
- 13. Dezember: De griichesche Kinnek Konstantin II. probéiert e Géigeputsch géint d'Colonellen, deen awer mëssléngt. Hie geet deen Dag drop op Roum an den Exil.
Lëtzebuerg
- 19. Oktober Den éischte Cactus-Supermarché geet zu Bäreldeng op.
Afrika
- 13. Januar: Den Étienne Gnassingbé Eyadéma putscht a gëtt Staatspresident an Togo.
- 21. Mäerz: Militärputsch a Sierra Leone.
- 6. Juli: Ufank vum Biafra-Krich an Nigeria.
- 28. November: Den Omar Bongo Ondimba gëtt Staatspresident vu Gabun.
Amerika
USA
- 12. Juli: Schwéier Rassenonrouen zu Newark bei New York, déi sech iwwer de Süde vun den USA ausbreeden.
Mëttel- a Südamerika
Asien
- 8. August: D'Vereenegung vun de Süd-Ost-Asiateschen Natiounen (ASEAN) gëtt gegrënnt.
- 3. September: Den Nguyễn Văn Thiệu gëtt zum President vu Süd-Vietnam gewielt.
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt an Noen Osten
- 5.–10. Juni: Krich vu Sechs Deeg tëscht Israel a sengen Noperen.
- 30. November: Südjemen gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
Remove ads
Konscht a Kultur
- D'Hippiebeweegung ass am Summer of Love op hirem Héichpunkt.
Molerei
Literatur
Musek
- 8. Abrëll: D'Sandie Shaw gewënnt fir Groussbritannien mam Lidd Puppet on a String den 12. Eurovision Song Contest zu Wien.
Kino
- Massacre pour une orgie, den offiziell éischte lëtzebuergesche Spillfilm, kënnt am November an de Kino.
- La 317e section vum Pierre Schoendoerffer.
- Beach Red vum Cornel Wilde.
- The Dirty Dozen vum Robert Aldrich.
- Tobruk vum Arthur Hiller.
- Le vieil homme et l'enfant vum Claude Berri.
- La nuit des généraux vum Anatole Litvak.
- Morituri vum Bernhard Wicki.
Remove ads
Wëssenschaft an Technik
- 2. Juli: Entdeckung vum éischte Gammablëtz.
- 3. Dezember: Éischt Häerztransplantatioun duerch de südafrikaneschen Dr. Christiaan Barnard
Sport
- D'Jeunesse Esch gëtt Landesmeeschter am Foussballschampionat.
- 17. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Oochen 0:2 géint d'Bundesrepublik Däitschland.[1]
- 29. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Barcelona 0:5 géint Spuenien.[2]
- 19. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1968, 0:5 géint Belsch.[3]
- 16. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1968, 0:0 géint Polen.[4]
- 22. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 1:1 géint Spuenien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Josy Kirchens geschoss.[5]
- 22. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Bruges, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1968, 0:3 géint Belsch.[6]
- 23. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Paräis, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1968], 1:3 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jean Klein geschoss.[7]
Remove ads
Gebuer
- 14. Januar: Emily Watson, brittesch Schauspillerin.
- 20. Januar: Wiegald Boning, däitsche Komiker a Moderator.
- 23. Januar: Magdalena Andersson, schweedesch Politikerin.
- 23. Januar: Robert Golob, sloweenesche Politiker.
- 25. Januar: Marian Gallo, lëtzebuergesch-slowakesche Äishockeyfonctionnaire a -spiller.
- 10. Februar: Laura Dern, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 10. Februar: Jacky Durand, franséische Vëlossportler.
- 12. Februar: Anita Wachter, éisträichesch Alpinschileeferin.
- 14. Februar: Mark Rutte, hollännesche Politiker.
- 15. Februar: Linda Graf, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 17. Februar: Danièle Adam, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 18. Februar: Roberto Baggio, italieenesche Foussballspiller.
- 19. Februar: Benicio del Toro, US-amerikanesche Schauspiller.
- 20. Februar: Kurt Cobain, US-amerikanesche Museker.
- 21. Februar: Marc Thewes, lëtzebuergesche Jurist, Member vum Staatsrot.
- 24. Februar: Mireille Weiten-de Waha, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 25. Februar: Nick Leeson, britteschen Trader, Spekulant, Buchauteur, Foussballtrainer.
- 1. Mäerz: Gilles Roth, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 20. Mäerz: Xavier Beauvois, franséische Regisseur, Schauspiller an Dréibuchauteur.
- 25. Mäerz: Nathalie Reuter, lëtzebuergesch Molerin.
- 29. Mäerz: Michel Hazanavicius, franséische Filmregisseur.
- 23. Abrëll: Steve Thull, lëtzebuergesche Militär a Generol.
- 27. Abrëll: Willem-Alexander, Kinnek vun Holland.
- 3. Mee: Hélène Angel, franséisch Regisseurin.
- 3. Mee: Paule Lemmer, lëtzebuergesch Molerin.
- 13. Mee: Melanie Thornton, US-amerikanesch Popsängerin.
- 16. Mee: Virgil Widrich, éisträichesche Filmregisseur.
- 17. Mee: Mohamed Nasheed, Politiker vun de Malediven.
- 18. Mee: Isabelle Welter, lëtzebuergesch Molerin.
- 26. Mee: Tilly Metz, lëtzebuergesch Politikerin.
- 31. Mee: Sandrine Bonnaire, franséische Filmschauspillerin.
- 3. Juni: Trixi Weis, lëtzebuergesch Sculptrice.
- 4. Juni: Marie NDiaye, franséisch Schrëftstellerin.
- 9. Juni: Michel Majerus, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 20. Juni: Angela Melillo, italieenesch Filmschauspillerin an Televisiounsmoderatorin.
- 20. Juni: Nicole Kidman, australesch Schauspillerin.
- 27. Juni: Claude Marson, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 21. Juni: Yingluck Shinawatra, thailännesch Politikerin.
- 1. Juli: Pamela Anderson, kanadesch-US-amerikanescht Fotomodel a Schauspillerin.
- 8. Juli: Klaus Tschütscher, liechtensteinesche Politiker.
- 16. Juli: Will Ferrell, US-amerikanesche Schauspiller.
- 23. Juli: Philip Seymour Hoffman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 27. Juli: Iris Roseneck, lëtzebuergesch Schéisserin.
- 3. August: Mathieu Kassovitz, franséische Schauspiller, Regisseur a Dréibuchauteur.
- 13. August: Amélie Nothomb, belsch Schrëftstellerin.
- 16. August: Dirk Bordignon, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 21. August: Charb, franséische Cartoonist a Journalist.
- 26. August: Michael Gove, brittesche konservative Politiker.
- 7. September: Claude Ganser, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 11. September: Dan Theis, lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
- 13. September: Sascha Ley, däitsch-lëtzebuergesch Schauspillerin a Sängerin.
- 17. September: Petr Pravec, tschecheschen Astronom.
- 18. September: Tara Fitzgerald, englesch Schauspillerin.
- 28. September: Mira Sorvino, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 2. Oktober: Lena Johannson, däitsch Romanschrëftstellerin.
- 20. Oktober: Frank Arendt, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 25. Oktober: Mirela Soptelea, lëtzebuergesche Volleyballspillerin.
- 27. Oktober: Maurice Molitor, lëtzebuergesche Journalist an Televisiouns-Presentateur.
- 28. Oktober: Julia Roberts, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1. November: Igor Muller, lëtzebuergesche Judoka.
- 15. November: François Ozon, franséische Filmregisseur.
- 22. November: Boris Becker, däitschen Tennisspiller.
- 24. November: Laurent Deville, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 28. November: Anna Nicole Smith, US-amerikanesch Schauspillerin a Fotomodel.
- 15. Dezember: David Černý, tschechesche Sculpteur.
- 15. Dezember: Zep, Schwäizer Comiczeechner an -auteur.
- 21. Dezember: Micheil Saakaschwili, georgesche Staatspresident.
- 23. Dezember: Carla Bruni, italieenesch Musekerin a Fotomodel.
Remove ads
Gestuerwen
- 4. Januar: Emile Pauly, lëtzebuergeschen Zänndokter.
- 13. Januar: Jean Wilhelm, lëtzebuergesche Geeschtlechen.
- 16. Januar: Robert Jemison van de Graaff, US-amerikaneschen Ingenieur a Physiker.
- 19. Januar: Casimir Funk, polnesche Biocheemiker, huet 1913 de Begrëff "Vitaminn" kreéiert.
- 21. Januar: Ann Sheridan, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 29. Januar: Jean Morbach, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Ornitholog.
- 6. Februar: Martine Carol, franséisch Schauspillerin.
- 6. Februar: Henry Morgenthau, US-amerikanesche Politiker.
- 15. Februar: Jacques Thilmany, lëtzebuergesche Schéiereschlëffer a Politiker.
- 18. Februar: Robert Oppenheimer, US-amerikanesche Physiker
- 21. Februar: Nicolas Kerschen, lëtzebuergesche Jurist, Banquier a Member vum Staatsrot.
- 21. Februar :Wolf Albach-Retty, éisträichesche Schauspiller.
- 24. Februar: Franz Waxman, däitsche Filmkomponist, Dirigent an Arrangeur
- 28. Februar: Cezaria Baudouin de Courtenay Ehrenkreutz Jędrzejewiczowa, polnesch Ethnologin, Philosophin a Linguistin.
- 8. Mäerz: Léon Meisch, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 14. Mäerz: Gérard Cravatte, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 15. Mäerz: Jean-Pierre Weber, lëtzebuergesch Foussballspiller an Olympionik.
- 31. Mäerz: Léon Thurm, lëtzebuergesche Resistenzler a Lokalpolitiker.
- 2. Abrëll: Hélène Fournelle, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 13. Abrëll: Nicole Berger, franséisch Schauspillerin.
- 15. Abrëll: Totò, italieenesche Schauspiller.
- 18. Abrëll: Marcel Reckinger, lëtzebuergesche Banquier.
- 19. Abrëll: Konrad Adenauer, däitsche Politiker a laangjärege Kanzler.
- 21. Abrëll: André Danjon, franséischen Astronom.
- 24. Abrëll: Wladimir Michailowitsch Komarow, sowjetesche Kosmonaut.
- 25. Abrëll: Victor Wilhelm, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 29. Abrëll: Anthony Mann, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 12. Mee: Simone Cerdan, franséisch Schauspillerin a Sängerin.
- 14. Mee: Osvaldo Moles, Brasilianesche Journalist a Radiosspeaker.
- 15. Mee: Edward Hopper, US-amerikanesche Moler.
- 17. Mee: Adolphe Klein, lëtzebuergesche Politiker.
- 22. Mee: Alexei Alexandrowitsch Balandin, russesche Cheemiker
- 29. Mee: Georg Wilhelm Pabst, éisträichesche Regisseur.
- 30. Mee: Claude Rains, englesche Schauspiller.
- 2. Juni: Benno Ohnesorg, Student, deen op enger Manifestatioun zu Berlin vun engem Polizist erschoss gouf.
- 10. Juni: Spencer Tracy, US-amerikanesche Schauspiller.
- 23. Juni: Henri Rollan, franséische Schauspiller.
- 26. Juni: Françoise Dorléac, franséisch Schauspillerin.
- 29. Juni: Jayne Mansfield, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- 8. Juli: Vivien Leigh, brittesche Schauspillerin.
- 13. Juli: Tom Simpson, englesche Vëlossportler.
- 21. Juli: Basil Rathbone, brittesche Schauspiller.
- 22. Juli: Lajos Kassák, ungaresche Schrëftsteller.
- 26. Juli: Milán Füst, ungaresche Schrëftsteller.
- 14. August: Alex Federspil, Schmadd a Buergermeeschter vu Peppeng.
- 15. August: René Magritte, belsche Moler.
- 15. August: Manuel Prado y Ugarteche, President vu Peru.
- 16. August: Hermann Gisin, Schwäizer Zoolog.
- 19. August: Hugo Gernsback, lëtzebuergesch-amerikaneschen Erfinder, Editeur a Schrëftsteller.
- 24. August: Bernard Neis, lëtzebuergeschen Industriellen.
- 30. August: Joseph Merten, lëtzebuergesche Lycéesprofesser an Direkter vum Lycée classique de Diekirch.
- 1. September: Emile Kolb, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 22. September: Albert Calmes, lëtzebuergeschen Historiker an Ekonomist.
- 22. September: Harald Quandt, däitschen Industriellen.
- 29. September: Carson McCullers, US-amerikanesch Schrëftstellerin.
- 1. Oktober: Pierre Schockmel, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 3. Oktober: Woody Guthrie, US-amerikanesche Gewerkschaftler a Liddermécher.
- 5. Oktober: Hans Herwig, éisträichesche Filmregisseur a Filmproduzent.
- 7. Oktober: Norman Angell, brittesche Schrëftsteller, Publizist a Friddensnobelpräisdréier
- 8. Oktober: Clement Attlee, brittesche Premierminister.
- 9. Oktober: Ernesto Che Guevara, argentineschen Dokter a kubanesche Revolutionär.
- 15. Oktober: Marcel Aymé, franséische Schrëftsteller.
- 17. Oktober: Pu Yi, leschte Keeser vu China.
- 20. Oktober: Yoshida Shigeru, japanesche Ministerpresident.
- 21. Oktober: Ejnar Hertzsprung, däneschen Astronom.
- 30. Oktober: Julien Duvivier, Filmregisseur.
- 31. Oktober: Albert Wehrer, lëtzebuergesche Jurist an Diplomat.
- 9. November: Charles Bickford, US-amerikanesche Schauspiller.
- 11. November: François Baclesse, Dokter a Kriibsfuerscher.
- 14. November: Jéhan Steichen, lëtzebuergesch Journalist a Politiker.
- 24. November: Jean Deitz, lëtzebuergeschen Architekt.
- 25. November: Ossip Zadkine, russesch-franséische Sculpteur a Moler.
- 28. November: Léon M'ba, éischte Staatspresident vu Gabun.
- 9. Dezember: Charles Léon Hammes, lëtzebuergesche Jurist a Riichter um CECA-Geriichtshaff.
- 10. Dezember: Otis Redding, US-amerikanesche Soul-Sänger.
- 11. Dezember: Howard Freeman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 20. Dezember: Nicolas Thill, lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Archeolog an Auteur.
- 24. Dezember: Edmond Chlecq, lëtzebuergesche Politiker.
- 25. Dezember: René Blum, lëtzebuergeschen Affekot, Diplomat a Politiker.
- 27. Dezember: Mathias Wirtz, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: 1967 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads