Paul Crutzen
hollännesche Meteorolog an Nobelpräisdréier / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Paul Josef Crutzen, gebuer den 3. Dezember 1933 zu Amsterdam a gestuerwen den 28. Januar 2021[1], war en hollännesche Meteorolog an Nobelpräisdréier.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Paul Crutzen | |
---|---|
Gebuer |
3. Dezember 1933 Amsterdam |
Gestuerwen |
28. Januar 2021 Mainz |
Nationalitéit | Holland |
Educatioun | Universitéit vu Stockholm |
Aktivitéit | Chimist, Ingenieur, Universitéitsprofesser, Meteorolog |
Member vun | Royal Society, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, National Academy of Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Academia Europaea, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Accademia Nazionale dei Lincei, American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society |
Zoumaachen
Hie war vun 1980 bis 2000 Direkter vum Max-Planck-Institut für Chemie zu Mainz a krut 1995 den Nobelpräis fir Chimie fir seng Aarbechten um Gebitt vun der Atmosphärechimie.[2] Hien huet de Begrëff "Anthropozän" erfonnt, mat där eis Äerdepoch beschriwwe gëtt, déi duerch gewalteg Agrëffer duerch de Mënsch gepräägt gëtt.[3] Och Berechnungen zum Nukleare Wanter ginn op hien zeréck.[4] An der lescht huet hien d'Mënschheet virdru gewarnt, datt eng Klimakatastroph ëmmer méi no kéim, a gefuerdert, datt a punkto Klimapolitik vill méi séier gehandelt misst ginn.[5]