Persephone
Gëttin vun der Ënnerwelt / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Persephone (gr. Περσεφόνη, "déi déi d'Liicht zerstéiert") war an der griichescher Mythologie d'Gëttin vun der Ënnerwelt. Si war d'Duechter vum Zeus an deem senger Schwëster Demeter. Vun hirem Papp, dem Zeus war si d'Mamm vum Zagreus a gouf duerno spéit d'Fra vum Hades, Gott vun der Ënnerwelt, dee si entféiert hat. Si ass deelweis och als Karmeedchen oder Kore (gr. Κόρη, "Meedchen", haut "Duechter") bezeechent ginn.