Pierre Joseph Proudhon
franséische Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pierre Joseph Proudhon, gebuer de 15. Januar 1809 zu Besançon (Departement Doubs) a gestuerwen den 19. Januar 1865 zu Passy, Gemeng, déi zanter 1860 zum 16. Arrondissement vu Paräis gehéiert, war e franséische sozialisteschen Theoreetiker a Philosoph. Hie gëllt als de Grënner vum Anarchismus, enger politescher Theorie, déi duerno verschidde Formen ugeholl huet.
Pierre Joseph Proudhon | |
---|---|
Portrait vum Nadar (1862) | |
Gebuer |
15. Januar 1809 Besançon |
Gestuerwen |
19. Januar 1865 Passy |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Ekonomist, Soziolog, Politiker, Journalist, Philosoph, Schrëftsteller, Drécker |
Famill | |
Bestuet mat | Euphrasie Proudhon |
De Pierre Joseph Proudhon, deen aus bescheidene Verhältnesser koum, huet eng Léier als Typograph gemaach an huet sech duerch intensiv Lektüre stänneg selwer weidergebilt. Hien ass iwwregens den eenzege revolutionären Theoreetiker vum 19. Joerhonnert, deen aus dem Aarbechtermilieu staamt. Hien huet sech als Journalist an als Polemist een Numm gemaach an huet a sengen Artikelen a Bicher ekonomesch, politesch, philosophesch a soziologesch Theme behandelt. Säin Zil war eng gerecht Gesellschaft ouni Klassen, an där d'Leit, duerch eng konkreet Partizipatioun un allen ëffentlechen Affären, duerch Gläichheet a Solidaritéit an duerch géigesäiteg Hëllef - deemno ouni Autoritéit vun uewen - hiert Liewe géife selwer an de Grapp huelen an am Sënn vum allgemenge Wuel géife féieren.
Am Revolutiounsjoer 1848, an deem déi Zweet franséisch Republik ausgeruff gouf, gouf de P. J. Proudhon als Deputéierte vum Departement Seine an d'Assemblée nationale gewielt. De President vun der Republik, deen deemools gewielt gouf, de Prënz Louis-Napoléon Bonaparte, huet geschwënn en autoritäre Kurs ageschloen an 1851 geputscht, fir méi laang un der Muecht ze bleiwen, wéi d'Constitutioun dat virgesinn huet (duerno huet en den Zweete franséischen Empire ausgeruff). De Proudhon huet net gefaart, fir seng Oppositioun an der Assemblée zum Ausdrock ze bréngen, an hie gouf wéinst Beleidigung zu dräi Joer Prisong verurteelt. Hien ass e wéineg méi spéit op Bréissel an den Exil gaangen, wou e weider u sengen Theorië geschafft huet. Wéi a Frankräich de Regimm sech ëm 1860 liberaliséiert huet, a wéi do en Amnestiegesetz gestëmmt gi war, ass de Proudhon nees heemkomm.
De P. J. Proudhon ass den éischte politeschen Theoreetiker, dee sech als "Anarchist" bezeechent huet. Hien ass iwwregens och deen éischten, dee vu "wëssenschaftlechem Sozialismus" (socialisme scientifique) geschwat huet. Seng Virstellunge si logesch iwwerluecht a systematesch presentéiert, quitt datt de Proudhon, als Mann vu senger Zäit, hei oder do mol e Virurteel iwwerhëlt, dat haut net méi denkbar ass.