![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/lb/thumb/3/36/Wikipitti.jpg/640px-Wikipitti.jpg&w=640&q=50)
Pierre Schiltz (Buergermeeschter)
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pierre Schiltz, gebuer de 15. November 1881 zu Rëmeleng, a gestuerwen de 14. Januar 1952 zu Téiteng[1], war Buergermeeschter vun der Gemeng Keel an e Fabrikant vu Karbidsluuchten.
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Buergermeeschter Pierre Schiltz. Fir aner Leit mam selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Schiltz. |
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Pierre Schiltz | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
15. November 1881 Rëmeleng |
Gestuerwen |
14. Januar 1952 Téiteng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
![]() |
Zoumaachen
Hien huet a Frankräich eng Léier als Mecanicien gemaach. Säi Spëtznumm Lutepitti krut e wéi en nees zeréck zu Lëtzebuerg war, a sech als Kniwweler druginn huet, fir d'Schwächte vun den deemolege Karbidsluuchten ze behiewen a se duerno a senger Téitenger Fabrick selwer ze fabrizéieren (do wou haut d'Firma Poeckes dran ass). Deen éischte patentéierte Modell war d'Excelsior. 1913 huet en d'Record gebaut, déi weltwäit zum Asaz koum, an 1934 d'Record 2.
An de Joren 1921-28, 1932-34 an 1952 war de Pierre Schiltz Keeler Buergermeeschter.