From Wikipedia, the free encyclopedia
RBC Investor Services ass eng Finanzentreprise, déi op der Gestioun vun Investment- a Pensiounsfonge spezialiséiert ass. Si ass am Januar 2006 als eng Joint Venture vun der Dexia an der Royal Bank of Canada, mam Numm RBC Dexia, gegrënnt ginn.
Am Mee 2012 huet d'RBC d'Parte vun der Dexia vollstänneg ofkaf, nodeem dës an d'Labrente gerode war.[1]
Am Joer 2007 huet si 1.900 Milliarden Euro geréiert an eng 4.700 Employéen a 15 Länner beschäftegt, wouvu ronn 1400 zu Lëtzebuerg. De Sëtz ass zu London; zu Lëtzebuerg ass d'Personal an engem markante roude Gebai aus dem Joer 2006 op Belval ënnerbruecht.
Den CEO vun der Joint Venture ass de José Placido an de Managing Director vun der lëtzebuergescher Bank ass de Sébastien Danloy.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.