Banque internationale à Luxembourg

Lëtzebuerger Bankeninstitut From Wikipedia, the free encyclopedia

Banque internationale à Luxembourg
Remove ads

D'Banque Internationale à Luxembourg SA (BIL) ass eng Bank a Form vun enger Société anonyme no Lëtzebuerger Recht. Aktionäre sinn zanter September 2017 déi chineesesch Legend Holdings (90 %) an de Lëtzebuerger Staat (10 %).

op ee Bléck Typ, Grënnungsdatum ...
Thumb
10-Daler-Geldschäi vun 1856.

Legend huet seng Parte vu Precision Capital, engem Investergrupp vun der Kinneksfamill aus dem Katar fir bal 1,5 Milliarden Euro ofkaaft[3], dee se sengersäits 2012 kaaft hat.[4]. Deemools hate Precision Capital an de Lëtzebuerger Staat d'Kapital vun der Dexia Banque Internationale à Luxembourg, déi bis dohin zum Dexia-Grupp gehéiert huet, fir 730 Milliounen Euro opkaaft.

Dexia hat hirersäits an den 1990er Joren d'Banque Internationale à Luxembourg iwwerholl. D'Participatioune vun Dexia zu Lëtzebuerg an Dexia Asset Management Luxembourg, RBC Dexia Investor Services Limited an Dexia LDG Banque goufen net mat iwwerholl[4].

2015 hu 1.940 Leit bei der BIL geschafft an den Nettogewënn louch bei 134 Mio. Euro. De Generaldirekter ass de Marcel Leyers[5].

Remove ads

Geschicht

D'Banque internationale à Luxembourg gouf 1856 gegrënnt a war déi éischt Bank zu Lëtzebuerg[6]. Haaptmotivatioun vun der Grënnung war et, de Bau vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg ze finanzéieren. Grënnungsaktionäre waren däitsch Banquieren, de Raphael Erlanger vu Frankfurt/Main, an den Abraham Oppenheim an de Gustav Mevissen vu Köln[7].

D'BIL huet 1856 deen éischte Geldschäin zu Lëtzebuerg erausginn an hat dëse Privileeg bis 1999, wéi den Euro agefouert gouf[8].

1929 war d'BIL ee vun de Grënnungsmembere vun der Lëtzebuerger Bourse. An de Joren nom Zweete Weltkrich huet d'BIL sech u lëtzebuergesche Gesellschafte bedeelegt, wéi der Luxembourg Airlines Cie (1948), der Société électrique de l'Our (1951) an der Compagnie Luxembourgeoise de Télédiffusion (1955)[6].

An den 1970er Joren huet se d'Clearinggesellschaft Cedel, déi spéider Clearstream, matgegrënnt. An den 1980er Joren huet d'BIL hir Bedeelegungen un auslännesche Banke gehéicht, an huet Auslandsrepresentatiounen opgemaach ë. a. zu Singapur, New York, London, Tokio a Madrid. 1976 huet se d'Banque Lambert Luxembourg opkaaft[6].

1988 gouf se majoritären Aktionär vu BIL Participations an huet hir éischt Investmentfonge gegrënnt. 1989 huet se hire Geschäftssëtz vum Boulevard Royal op Hollerech an d'Gebai L'Indépendance verluecht[6].

1991 gouf de Crédit Communal de Belgique Haaptaktionär vun der BIL. 1996 huet dësen eng Coentreprise mam Crédit Local de France gemaach, där hiert Resultat de Groupe bancaire Dexia war. 2000 gouf aus der BIL d'Dexia Banque Internationale à Luxembourg[6].

Presidente vum Verwaltungsrot

Direkteren

  • Max Lambert (-1957)
  • Jean d'Huart (1957-1968)
  • René Franck (1968-1971)
  • Gaston Hoffmann (1972-1976)
  • Albert Dondelinger (1976-1989)
  • Jean Krier (1989-1996)
  • André Roelants (1996-2001)
  • Marc Hoffmann (2001-2006)
  • Frank Wagener (2006-2011)
  • François Pauly (2011-2014)
  • Hugues Delcourt (2014-2019)
  • Marcel Leyers (2019-2024)
  • Jeffrey Dentzer (2024-
Remove ads

Bibliographie

  • Calmes, C., Une banque raconte son histoire: histoire de la Banque Internationale : 1856-1981, Luxembourg, Saint-Paul, 1981.

Um Spaweck

 Commons: Banque internationale à Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. (de) (Dominique Nauroy) Luxemburgs Banken im Überblick. wort.lu (26.06.2020) Archivéiert den 30.06.2020. Gekuckt den 30.06.2020.
  2. [ https://www.bil.com/fr/Documents/communiques-de-presse/2012-04-05.pdf "Signature d'accords de cession concernant Banque Internationale à Luxembourg"]. Pressecommuniqué op bil.com vum 4. Abrëll 2012.
  3. Histoire de la BIL. (fr) op bil.com (consultéiert den 2. Mee 2012)
  4. Als lescht gouf et en 100-Frang-Schäi vun der BIL, dee parallel zu deem vum Institut monétaire luxembourgeois an dem aus der Belsch am Ëmlaf war.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads