den Numm vun zwou Publikatiounsserien vun natur&ëmwelt From Wikipedia, the free encyclopedia
Regulus ass den Numm vun zwou Publikatiounsserien, déi vun natur&ëmwelt a.s.b.l. publizéiert ginn.
Et sinn dat:[1]
Den Numm ass ofgeleet vu Regulus regulus, dem wëssenschatflechen Numm vum Dommendéck (de: Wintergoldhähnchen). Dëse Vugel a säin noe Verwandten, de Feierkäppchen (Regulus ignicapillus, de: Sommergoldhähnchen) sinn déi klengst Vigel, déi et zu Lëtzebuerg gëtt.[2]
De regulus vum September 2010, mam Portrait vum Grousse groen Neimäerder | |
Typ | Zäitschrëft |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Sujeten | Ëmweltschutz, Naturschutz |
Websäit | naturemwelt.lu |
D'Zäitschrëft, déi véiermol am Joer erauskënnt an un all Membere vun natur&ëmwelt verschéckt gëtt, adresséiert sech un en allgemeng interesséierte Public. D'Ausgaben enthalen
Déi meescht Artikele sinn op Däitsch, e klengen Deel op Lëtzebuergesch oder Franséisch geschriwwen.
D'Publikatioun (ISSN 1727-2122), mat enger Oplo vun 22.000 Exemplairen, gëtt duerch Reklammen matfinanzéiert.
E puermol am Joer verschéckt natur&ëmwelt “Infoblieder”, déi aus jee 4 Säite bestinn an déi dee selwechten Numm an Ënnertitel droen. Déi zwou Ausgaben - Zäitschrëft an Infoblieder - sinn am Laf vu jiddwer Joer zesummen duerchgehend numeréiert.
Zousätzlech gëtt natur&ëmwelt all Joer e Joresbericht mam Resümmee vun hiren Aktivitéiten eraus, deen och ënner dem Titel regulus erauskënnt (z. B. regulus Jahresbericht 2015).
Zanter September 2010 (Nr. 6 2010) kënnt de regulus mam Logo vun natur&ëmwelt op der Titelsäit eraus. Virdrun hat de regulus den Ënnertitel Zäitschrëft vun der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga.
Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no gouf tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Editioun vum Regulus vun 24.000 Leit iwwer 15 Joer gelies (5,0 % vun der Wunnbevëlkerung).[3] Am Summer 2024 hat d'Zäitschrëft eng Oplag vun 20.500 Exemplairen.[4]
De Regulus. Wissenschaftliche Berichte, mam Bild vun enger Kréi | |
Typ | Akademesch Zäitschrëft |
---|---|
Éischt Ausgab | 1951 |
Land | Lëtzebuerg |
Sujeten | Ornithologie, Vulleschutz |
Editiounshaus | natur&ëmwelt asbl |
Websäit | luxnatur.lu |
Wéi Titel an Ënnertitel et soen, verëffentlecht dës Zäitschrëft zanter 1951[5] wëssenschaftlech Fuerschungsberichter iwwer d'Vigel, virun allem vu Lëtzebuerg. D'Zäitschrëft koum laang onreegelméisseg eraus. Zënter 2004 gëtt se eemol d'Joer verëffentlecht.
D'Publikatioun gëtt finanziell vum Naturmusée ënnerstëtzt.
D'Ausgabe sinn duerchgoend nummeréiert.
D'ISSN ass 1727-088X. Am Joer 2021 louch d'Oplo bei 700 Hefter.
Eenzel Artikelen kënnen als PDF um Internet erofgeluede ginn.[6]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.