Rosetta (Sond)
Raumsond vun der ESA / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Rosetta ass eng Raumsond vun der ESA, déi den 2. Mäerz 2004 mat enger Ariane 5 G+ gestart gouf. Si ass zanter dem August 2014 ronderëm de Koméit 67P/Tschurjumow-Gerassimenko gekreest. Well se net méi genuch Energie hat, gouf decidéiert, se op de Koméit falen ze loossen, fir sou bis de leschten Ablack Donnéeë vun deem senger Beschafenheet ze sammelen.
Rosetta | |
---|---|
Typ | Fuerschungssatellit |
Missiounszil | Koméit 67P Tschurjumow-Gerassimenko |
Land | Europa |
Agentur | ESA |
Startmass | ronn 3000 kg |
Start | 2. Mäerz 2004 um 08:17 MEZ |
Startplaz | Weltraumzentrum Kourou |
Drorakéit | Ariane 5 |
Status | 30. September 2016: geziilten Opschlag um Koméit |
Den 30. September 2016 war et sou wäit, an d'Rosetta ass kontroléiert op de Koméit 67P/Tschurjumow-Gerassimenko erofstierze gelooss ginn. Bis fënnef Sekonne virum Opschlag huet si nach Fotoe vun der Koméitenuewerfläch op d'Äerd geschéckt.[1]
D'Rosetta, déi vun EADS Astrium vu Friedrichshafen gebaut gouf, war deen éischte Koméitenorbiter. Beim Fluch dohin hat d'Rosetta an de Joren 2008 respektiv 2010 d'Asteroiden (2867) Šteins an (21) Lutetia passéiert an erfuerscht.