De Sacharow-Präis fir fräit Denken (englesch: Sakharov Prize for Freedom of Thought ), meescht einfach Sacharow-Präis [1] oder Sakharov-Präis [2] genannt, ass eng Auszeechnung vum Europaparlament , déi u Persounen an Organisatioune geet, déi hiert Liewen oder hir Aktiounen der Verdeedegung vun de Mënscherechter an der Fräiheet widmen. E gouf 1988 an d'Liewe geruff an ass nom sowjetesche Wëssenschaftler an Dissident Andrei Sacharow benannt.
D'Remise vum Sacharow-Präis un den Denis Mukwege (2014) am Parlament zu Stroossbuerg
D'Aung San Suu Kyi krut d'Auszeechnung schonn 1990 accordéiert, konnt se awer eréischt 2013 entgéinthuelen
Och de Guillermo Fariñas hätt se sollen 2010 entgéint huelen. Well d'kubanesch Regierung him d'Ausrees net erlaabt huet, ass dat eréischt 2013 geschitt
1988: Nelson Mandela (Anti-Apartheid -Kämpfer a spéidere südafrikanesche President) an Anatoli Martschenko (sowjeteschen Dissident; † 1986)
1989: Alexander Dubček , tschechoslowakesche Politiker a Matinitiator vum Prager Fréijoer
1990: Aung San Suu Kyi , Grënnerin vun der Nationaler Liga fir Demokratie a Myanmar
1991: Adem Demaçi , albanesche Schrëftsteller aus dem Kosovo
1992: Madres de Plaza de Mayo , argentinesch Mënscherechtsbeweegung
1993: Oslobođenje , Zeitung aus Sarajevo
1994: Taslima Nasrin , Schrëftsteller aus dem Bangladesch
1995: Leyla Zana , kurdesch Deputéiert am tierkesche Parlament
1996: Wei Jingsheng , chineesesche Regimekritiker
1997: Salima Ghezali , algeeresch Journalistin a Mënscherechtsaktivistin
1998: Ibrahim Rugova , politesche Leader vun der albanescher Bevëlkerung am Kosovo
1999: Xanana Gusmão , Leader vun der Onofhängegkeetsbeweegung an Osttimor
2000: ¡Basta Ya! , Organisation, déi sech géint den ETA -Terrorismus riicht
2001: Don Zacarias Kamwenho (Äerzbëschof vu Lubango, Angola ); Nurit Peled-Elhanan (israeelesch Dozentin) an Izzat Ghazzawi (palestinensesche Schrëftsteller)
2002: Oswaldo Payá , kubanesche Regimekritiker
2003: UN-Generalsekretär Kofi Annan an all d'Mataarbechter vun de Vereenten Natiounen
2004: de wäissrussesche Journalisteverband (BAJ)
2005: d'kubanesche Mënscherechtsbeweegung "Dammen a Wäiss"; Reporter ouni Grenzen ; d'nigerianesch Affekotin Hauwa Ibrahim
2006: Aljaksandr Milinkewitsch , wäissrussesche Oppositiounspolitiker
2007: Salih Mahmoud Osman , sudaneesesche Mënscherechtsaffekot
2008: Hu Jia , chineesesche Biergerrechtler
2009: "Memorial", russesch Mënscherechtsorganisatioun
2010: Guillermo Fariñas , kubanesche Regimekritiker an Dokter
2011: Mohamed Bouazizi (†, Tunesien), Asmaa Mahfouz (Egypten), Ahmed al-Senussi (Libyen), Razan Zaitouneh an Ali Ferzat (Syrien): Aktiviste vum Arabesche Fréijoer
2012: Nasrin Sotudeh (iranesch Affekotin) an Jafar Panahi (iranesche Regisseur)
2013: Malala Yousafzai , pakistanesch Bloggerin a Kannerrechtsaktivistin
2014: Denis Mukwege , kongoleesesche Gynekolog
2015: Raif Badawi , Blogger aus Saudi-Arabien
2016: Nadia Murad a Lamija Adschi Baschar , Jesidinnen, déi vum "Islamische Staat " entfouert gi sinn