Mënscherechter
Rechter, déi all Mënsch zoustinn From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Mënscherechter si grondleeënd Rechter, déi all Mënsch zoustinn, an dat onofhängeg vun Hierkonft, Geschlecht, Relioun oder anere Charakteristiken. Si gëllen universell an zu all Moment, well all d'Mënsche gläich u Würd a Rechter sinn. D'Mënscherechter gëllen als universell unerkannte moralesch Prinzippien oder Normen, déi Standarde fir mënschlecht Behuele festleeën an dacks souwuel duerch national wéi och duerch international Gesetzer geschützt sinn.[1]

Vill Weltrelioune gleewen zënter laang hir, datt d'mënschlecht Liewen helleg ass. Déi haiteg Mënscherechter sinn awer eréischt an der Zäit vum Renaissance-Humanismus an der fréier Neizäit opkomm. Am 17. Joerhonnert hu Reliounskricher an Europa a Biergerkricher an England zum Entstoe vum Liberalismus gefouert. Am 18. Joerhonnert, wärend der Opklärung, goufen d'Iddie vun natierlech Rechter wichteg. Déi Iddien, déi op dem Naturrecht baséieren, hunn déi amerikanesch an déi franséisch Revolutioune beaflosst. D'Virstellung vu Mënscherechter huet sech awer eréischt méi spéit entwéckelt. Am 19. Joerhonnert sinn an Europa méi demokratesch Strukturen entstanen, déi am 20. Joerhonnert zum allgemenge Walrecht gefouert hunn.
Dat modernt Konzept vun de Mënscherechter huet nom Zweete Weltkrich un Opmierksamkeet gewonnen, besonnesch als Reaktioun op den Horror vum Holocaust. Dat huet dozou gefouert, datt d'Vereent Natiounen déi Allgemeng Deklaratioun vun de Mënscherechter ugeholl hunn, déi bis haut d'Grondlag vum internationale Mënscherechtsschutz ass. Si gouf an iwwer 500 Sproochen iwwersat a gëllt weltwäit als bedeitend Dokument.
Zu de Mënscherechter zielen ënner anerem d'Recht op Liewen, d'Verbuet vun der Folter, d'Meenungs- a Reliounsfräiheet an d'Gläichheet virum Gesetz. Och sozial, wirtschaftlech a kulturell Rechter wéi den Zougank op Bildung, Gesondheetsversuergung, Aarbecht oder Wunnen zielen dozou. A méi neien Entwécklunge goufen d'Recht op proppert Waasser (2010) oder op eng gesond Ëmwelt (2021) als Mënscherecht unerkannt.[2]
D'Mënscherechter sinn ondeelbar a vuneneen ofhängeg. Biergerlech a politesch Rechter loosse sech net lassgeléist vu sozialen a wirtschaftleche Rechter denken - déi eng sinn eng Konditioun fir déi aner. Hir Universalitéit bedeit awer net datt se alleguer gläich sinn: déi eenzel Staate kënnen an hiren nationale Gesetzer zousätzlech Rechter accordéieren oder méi héich Standarde setzen.[2]
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
![]() |
Commons: Mënscherechter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- (fr) Que sont les droits de l’homme ?. Haut-commissariat des Droits de l'Homme des Nations unies (OHCHR). Gekuckt de 25. Juni 2025.
- (de) Was sind Menschenrechte?. Institut für Menschenrechte. Gekuckt de 25. Juni 2025.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads