Saint-Gobain
From Wikipedia, the free encyclopedia
Saint-Gobain ass eng franséisch Firma, déi op d'Produktioun, d'Transformatioun an d'Verdeelung vu Material am Bau- an Industriesecteur spezialiséiert ass.
Séier Fakten Typ, Grënnungsdatum ...
Saint-Gobain | |
---|---|
Typ | SA |
Grënnungsdatum | 1665 |
Sëtz | La Défense, Courbevoie |
Mataarbechter | 167.000 (2021) |
Branche |
Produktioun, Transformatioun an Distributioun vu Baumaterial an anerem Material fir d'Industrie |
Homepage | saint-gobain.com |
Zoumaachen
Si gouf 1665 vum franséische Staatsmann Jean-Baptiste Colbert (1619-1683) ënner dem Numm Manufacture royale des glaces gegrënnt an huet Spigele produzéiert.[1] 2021 war Saint-Gobain weltwäit a 70 Länner aktiv an hat 167.000 Mataarbechter.[2]
Zënter 2019 läit de Sëtz vun der Firma zu Courbevoie am Quartier La Défense, bei Paräis.[3].