From Wikipedia, the free encyclopedia
Sardinien (sardesch Sardigna, Sardinna oder Sardinnia, italieenesch Sardegna, katalounesch Sardenya) ass déi zweetgréisst Insel am Mëttelmier. Et ass eng autonom Regioun, déi zum italieeneschen Territoire gehéiert. Si läit südlech vu Korsika an ass duerch déi schmuel Mierestross vu Bonifacio vu Korsika getrennt.
Sardinien | |
---|---|
Geographie | |
Land | Italien |
Läit an/am | Mëttelmier |
Koordinaten | 40°0'0"N, 9°0'0"O |
Fläch | 23.949 km² |
Verwaltung | |
Verwaltungseenheet | Italien |
Haaptuert | Cagliari |
Demographie | |
Awunner | 1.628.384 |
Awunnerdatum | 2020; 2019 |
Aner Informatiounen | |
Zäitzon | UTC+1, UTC+2 |
Sardinien bedeckt eng Fläch vu ronn 24.000 km² an huet 1,64 Milliounen Awunner.
D'Phenizier hunn et Ichnusa an d'Griiche Sandalyon genannt, well seng Form un den Ofdrock vun engem Fouss erënnert. D'Haaptstad vu Sardinien ass Cagliari. Dës autonom Regioun vun Italie war bis 2005 a véier Provënzen ënnerdeelt: Cagliari, Sassari, Nuoro an Oristano. Zanter 2005 sinn nach 4 Stéck derbäikomm: Olbia-Tempio, Ogliastra, Carbonia-Iglesias a Medio campidano. Eng touristesch staark besichte modern Uertschaft ass Porto Cervo.
Commons: Sardinien – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.