Korsika

Regioun vu Frankräich From Wikipedia, the free encyclopedia

Korsika
Remove ads

Korsika ass eng Insel am Mëttelmier déi zanter dem 18. Joerhonnert zu Frankräich gehéiert. Et ass och eng administrativ Regioun vu Frankräich mat engem Extrastatut.

Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Korsika - Corse
Thumb
Land Frankräich
Departementer Corse-du-Sud (2A)
Haute-Corse (2B)
Prefecture
Awunner 320 208
Bevëlkerungsdicht 37 Aw./km²
Fläch 8 722 km²
Arrondissementer 5
Kantonen 26
Gemengen 360
Thumb
Thumb
Satellittebild vun der Insel Korsika
Remove ads

Geographesch, demographesch a politesch Donnéeën

Lag a Gréisst

Korsika läit ronn 200 km südwestlech vun der franséischer Côte d'Azur, westlech vun der italieenescher Toskana an nërdlech vun der italieenescher Insel Sardinien, vun där Korsika duerch d'Strooss vu Bonifacio getrennt ass. Korsika huet eng Fläch vun 8 680 km² an huet 250.000 Awunner (2004). Et ass dënn besidelt, ronn 30 Awunner/km². Korsika huet eng accidentéiert Uewerfläch mat vill Hiwwelen a Bierger. Eng Partie Bierger si méi wéi 2000 m héich:

  • Monte Cinto (2706 m)
  • Monte Rotondo (2622 m)
  • Punta Minuta (2556 m)
  • Paglia Orba (2525 m)
  • Monte d'Oro (2389 m)
  • Monte Renoso (2352 m)
  • Capu Tafunatu (2343)

Eng grouss Partie vun der Insel ass mat Bëscher bewuess. Well de Klima am Summer waarm an dréchen ass, si Bëschbränn net seelen. Vill Energie a Mëttel gi gebraucht fir se ze bekämpfen.

Politesche Statut an administrativ Ënnerandeelung

Korsika huet haut ee privilegéierte Statut, deen a Frankräich eegenaarteg ass. Fréier war et eng Regioun vu Frankräich. Nom vum Gesetz vum 13. Mee 1991 ass Korsika eng Territorial Collectivitéit d'Collectivitéit territoriale de Corse: CTC. Den neie Statut gëtt Korsika méi Onofhängegkeet a Pouvoire, wéi enger Regioun. Dräi Organer sinn an deem Contexte geschaf ginn:

  • en Executiv-Conseil,
  • eng Korsesch Assemblée an
  • e Wirtschafts- an Sozialrot

Korsika besteet, administrativ gesinn, aus zwee Departementer:

Sprooch a Kultur

Thumb
De Golf vu Girolata

Korsesch ass d'Sprooch vun de Korsen. Wa fréier jiddwereen op Korsika korsesch geschwat huet, da sinn et nach haut ronn 60% vun der Populatioun, déi d'Korsesch Sprooch beherrschen. Et ass eng laténgesch Sprooch, déi eng gewësse Proximitéit mam Toskaneschen huet a franséisch Aflëss integréiert huet. Déi ganz korsesch Kultur, Musek, Gesank (Polyphonie), Spréchwierder etc. ass op déi äusserst originell Sprooch opgebaut. Op si stäipe sech déi relativ staark Autonomiebestriewungen, déi vun der Inselbevëlkerung ausginn, an déi vu ville korseschen Associatiounen ënnerstëtzt ginn. Zwar spillt d'Franséischt d'Roll vun der Schrëftsprooch op Korsika, mä et ass net ze verkennen, datt grouss Ustrengunge gemaach ginn, fir d'Korsescht méi staark ze strukturéieren a fir aus hir méi, wéi nëmmen eng Mondaart ze maachen. Déi korsesch Sprooch huet den offizielle Statut vun enger Regionalsprooch a Frankräich, a gëtt an de korsesche Schoulen ënnerriicht. D'Universitéit vu Korsika, zu Corte, suergt dofir, datt d'Sprooch - mat hirer Literatur - wëssenschaftlecht gefleegt an eeschthaft studéiert gëtt.

Stied

Ajaccio ass d'Haaptstad vu Korsika. Aner Stied an Uertschafte sinn:

  • Aleria
  • Bastia (Bastia)
  • Bonifacio (Bunifaziu)
  • Calvi (Calvi)
  • Cervione (Cervioni)
  • Corte (Corti)
  • Sartène (Sartè)
  • Solenzara
  • Saint-Florent (San Fiorenzu)
  • Porto-Vecchio (Porti Vechju)
  • L'Île-Rousse (Isula Rossa)
  • Propriano (Pruprià)
  • Porto
  • Vizzavona.
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Korsika – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads