Visuell Magnitude
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'visuell Magnitude vun engem Himmelskierper ass d'Mooss vu senger Hellegkeet wéi se vun engem Observateur vun der Äerd aus gesi gëtt, normaliséiert op de Wäert, wéi wann d'Atmosphär net do wier.
An der Astronomie gëtt fir d'visuell Magnitude d'Schreifweis z. B. 3,0m oder 30 oder 3,0 mag oder m = 3,0 mag benotzt, woubäi de klengen héichgestallten 'm' fir magnitudo (Gréisst) steet.
D'visuell Magnitude ass staark ofhängeg vun der Distanz vum Observateur zum Himmelskierper respektiv vun der Äerd zum Himmelskierper. Eng Gréisst déi vun der Distanz onofhängeg ass, ass d'Absolut Magnitude.
Wat en Objet méi hell ze si schéngt, wat de Wäert vu senger Magnitude méi kleng ass.