Äerd
drëtte Planéit vum Sonnesystem / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Äerd (planetarescht Symbol: ) ass den drëtte Planéit an eisem Sonnesystem. Et ass de Planéit, op deem mir liewen an den eenzege Planéit op deem et Liewe gëtt. D'Äerd ass viru ronn 4,5 Milliarde Joer entstanen.[1] Si ass nieft dem Merkur, der Venus an dem Mars ee vu véier Gestengsplanéite am Sonnesystem.
Äerd | |
The Blue Marble, Apollo 17 | |
Eegenschafte vum Orbit (Epoch J2000.0) | |
---|---|
Dauer vun engem Dag | 23h:56min:04s |
Mëttelste Radius | 149.597.887 km (1.000 000 11 AE) |
Orbitalen Ëmfang | 0.940 Tm (6.283 AE) |
Numeresch Exzentrizitéit | 0.016 710 22 |
Perihel | 147.098.074 km (0.983 289 9 AE) |
Aphel | 152.097.701 km (1.016 710 3 AE) |
Sideresch Period | 365.256 96 d (1.000 019 1 a) |
Duerchschnëttsorbitalvitesse | 29.783 km/s |
Maximal Orbitalvitesse | 30.287 km/s |
Minimal Orbitalvitesse | 29.291 km/s |
Inklinatioun | 0.000 05° |
Satellitten | 1 (Mound) |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser um Equator | 12,756.28 km |
Duerchmiesser tëscht de Polen | 12,713.56 km |
Äerdëmfank um Equator | 40,075 km |
Äerdëmfang op de Polen | 40,008 km |
Uewerfläch | 510,067,420 km² |
Volumen | 1.0832×1012 km³ |
Mass | 5.9736×1024 kg |
Dicht | 5.515 g/cm³ |
Fluchtvitesse | 11.186 km/s |
Bunnschréi | 23.439 281° |
Neigung vun der Dréiachs | 90° |
Albedo | 0.367 |
Uewerflächentemperatur - Min - Mëttel - Max |
185 K 287 K 331 K |
Uewerflächendrock | 100 kPa |
Bestanddeeler vun der Atmosphär | |
Stéckstoff | 78,084% |
Sauerstoff | 20,942% |
Argon | 0,934% |
Kuelendioxid | 350 ppm |
Déi grouss Mass vun der Sonn mécht, datt d'Äerd rondrëm si dréint, grad wéi d'Mass vun der Äerd responsabel dofir ass, datt de Mound rondrëm d'Äerd dréint. Well d'Äerd sech och ëm hir eegen Achs dréint sinn déi verschidde Regiounen op der Äerd der Sonn zu ënnerschiddlechen Zäiten ausgesat. Fir d'Sonn eng Kéier z'ëmkreesen ("ee Joer") brauch d'Äerd 365¼ Deeg.
D'Äerd ass den eenzege Planéit am Sonnesystem mat enger grousser Quantitéit vu flëssegem Waasser.[2]. Ronn 71% vun der Fläch vun der Äerd si mat Ozeane bedeckt; dowéinst gëtt si och heiansdo de "Bloe Planéit" genannt. Wéinst der Presenz vum Waasser gëtt et Milliounen Déieren- a Planzenaarten. D'Liewewiesen op der der Äerd hunn hir Uewerfläch enorm verännert. Zum Beispill hunn déi fréi Cyanobakterien d'Loft verännert an hir Sauerstoff ginn. De liewegen Deel vum Planéit gëtt Biospär genannt.[3]