Sonja Kmec
lëtzebuergesch Historikerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Sonja Kmec, gebuer de 6. August 1976 zu Herdecke un der Ruhr am däitsche Bundesland Nordrhein-Westfalen, ass eng lëtzebuergesch Historikerin.
Sonja Kmec | |
---|---|
Gebuer | 6. August 1976 |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Historiker |
No hirer Première 1995 am Lycée classique de Diekirch huet d'Sonja Kmec Literatur an Humanwëssenschaften um Centre universitaire de Luxembourg studéiert, an duerno Geschicht op der Sorbonne zu Paräis. Si huet eng Thees (PhD) a moderner Geschicht 2004 op der University of Oxford gemaach. Zanter 2010 ass si Professesch (professeur associé) op der Faculté des lettres, des sciences humaines, des arts et des sciences de l'éducation vun der Universitéit Lëtzebuerg.
D'Sonja Kmec ass Curateurin fir déi éischt zäitweileg Ausstellung (Identités au Luxembourg) am Musée Dräi Eechelen.
Zanter dem Januar 2012 ass d'Sonja Kmec Member vum Redaktiounscomité vun der Zäitschrëft Hémecht.