![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/f4/Fort_Th%25C3%25BCngen_-_Mus%25C3%25A9e_Dr%25C3%25A4i_Eechelen_2017-04.jpg/640px-Fort_Th%25C3%25BCngen_-_Mus%25C3%25A9e_Dr%25C3%25A4i_Eechelen_2017-04.jpg&w=640&q=50)
Musée Dräi Eechelen - forteresse, histoire, identités
Musée am restauréierten Deel vum Fort Thüngen an der Stad Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Musée Dräi Eechelen - forteresse, histoire, identités, bis de Summer 2007 Festungsmusée genannt, offiziell Musée de la Forteresse respektiv Musée de la forteresse de la ville de Luxembourg[1], ass e Musée an der Stad Lëtzebuerg, deen am restauréierten an zum Deel nees opgebaute Fort Thüngen ënnerbruecht ass. D'Aarbechten um Gebai selwer sinn 2004 ofgeschloss ginn. An de Joren duerno goufen déi al Festungsanlagen a Mauere ronderëm de Fort nees fräigeluecht, resp. opgebaut.
Séier Fakten Land, Ënnersteet der/dem ...
Musée Dräi Eechelen - forteresse, histoire, identités | |
---|---|
![]() D'Gebai vum Musée (2017). Am Hannergrond de MUDAM an d'Héichhaus um Kierchbierg. | |
Land | Lëtzebuerg |
Ënnersteet der/dem | Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht |
Gegrënnt | 2012 |
Um Spaweck | https://m3e.public.lu |
![]() |
Zoumaachen
De Musée Dräi Eechelen (M3E) ass den 13. Juli 2012 opgaangen[2] a steet zanterhier ënnert der Leedung vum Conservateur délégué à la direction François Reinert.
Vum Gesetz bis zu der Erëffnung huet et net manner wéi 14 Joer gedauert.