![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/24/Standard_Model_of_Elementary_Particles-lu.svg/langlb-640px-Standard_Model_of_Elementary_Particles-lu.svg.png&w=640&q=50)
Standardmodell
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Standardmodell vun der elementarer Deelerchersphysik (SM) resüméiert déi weesentlech Erkenntnisser aus der Deelerchersphysik no dem aktuelle Kenntnisstand (Ufank vum 21. Joerhonnert) [1]. E beschreift all bekannten Elementardeelercher an déi wichteg Wiesselwierkungen ënnert hinnen: déi staark Wiesselwierkung, déi schwaach Wiesselwierkung an déi elektromagnéitesch Wiesselwierkung. Nëmmen déi (am Verglach ganz schwaach) Gravitatioun gëtt net berécksiichtegt.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/24/Standard_Model_of_Elementary_Particles-lu.svg/640px-Standard_Model_of_Elementary_Particles-lu.svg.png)
Vum theoreetesche Standpunkt hier ass de Standardmodell eng Quantefeldtheorie. D'fundamental Bestanddeeler dervu si Felder, déi nëmmen an diskreete Packunge kënne geännert ginn; déi diskreet Päck entspriechen an enger passender Duerstellung den observéierte Partikelen. De Standardmodell ass sou gebaut, datt d'Deelercher an d'Felder déi et beschreift d'Gesetzer vun der spezieller Relativitéitstheorie erfëllen. Gläichzäiteg enthält en d'Aussoe vun der Quantemechanik an der Quantechromodynamik .
Vill Prognosen, déi vum Standardmodell gemaach goufen, goufen mat Experimenter an der Deelerchersphysik bestätegt. Sou konnt zum Beispill d'Existenz vun elementaren Deelercher, déi duerch den theoreetesche Modell virausgesot goufen, bewise ginn.
Et gëtt Argumenter déi soen, datt de Standardmodell just een Aspekt vun enger nach méi breeder Theorie ass. Donkel Matière an donkel Energie ginn net am Standardmodell beschriwwen. Seng Aussoe féieren zu Widderspréch mat der allgemenger Relativitéitstheorie bei héijen Energien, wéi déi, déi beim Urknall opgetruede sinn. Zousätzlech mussen 18 Parameteren, deenen hir Wäerter net aus der Theorie ofgeleet kënne ginn, op Basis vun experimentelle Resultater bestëmmt ginn. Dat mécht de Modell zimmlech "flexibel" an e kann sech deemno, an engem gewësse Kader, den Observatiounen, déi tatsächlech gemaach gi sinn, upassen.