Steve Thull
lëtzebuergeschen Offizéier a Generol / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Steve Thull, gebuer den 23. Abrëll 1967 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Militär a Generol.[1] Hien ass zanter dem 29. September 2020 Chef d'Etat-major vun der Lëtzebuerger Arméi.
Steve Thull | |
---|---|
De Steve Thull um Nationale Commemoratiounsdag 2021 | |
Gebuer |
23. Abrëll 1967 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | École royale militaire |
Aktivitéit | Offizéier |
Hien huet 1987 bis 1991 op der École royale militaire zu Bréissel studéiert fir Offizéier ze ginn. 2006 bis 2007 huet hien ee weidert Joer zu Paräis gemaach.[2]
Hie war ë. a. Chef vum Peloton mortiers, vum Peloton anti-char a vum Peloton éclaireurs. Dono gouf e Kompanieskommandant, an huet weiderhin am État-major a verschiddene Funktioune geschafft: Zoustänneg fir Personal, fir Ëffentlechkeetsaarbecht, Commandant-adjoint vum Centre militaire, Officier-adjoint, Officier études et planification, an zulescht Officier systèmes d'information et de communication.
Hien huet un der NATO-Missioun IFOR a Bosnien-Herzegovina, der EUFOR-Missioun am Tschad an an der Zentralafrikanescher Republik deelgeholl.