Terreur
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Terreur, mat groussem T, ass e Konzept dat vun Historiker benotzt gëtt, fir zwou Periode vun der Franséischer Revolutioun ze beschreiwen, an deene Frankräich duerch en aussergewéinleche Pouvoir regéiert gouf, deen op Gewalt, Illegalitéit a Repressioun baséiert war[1].
Et kann een zwou Phase vun der Terreur ënnerscheeden[2]: déi éischt Phas geet vun der Déchéance vum Kinnek den 10. August 1792 bis zu der Proklamatioun vun der Republik den 21. September 1792. Et goufen nei Institutioune geschaf, fir d'politescht Wierk vun der Terreur ëmzesetzen: en aussergewéinlecht kriminellt Geriicht gouf de 17. August 1792 agefouert, mä well d'Royalisten net haart genuch bestrooft goufen, koum et zu de Septembermassakeren an de Prisongen. Déi zweet Period geet vun der Elimitatioun vun de Girondins den 2. Juni 1793 bis zu der Arrestatioun vum Robespierre de 27. Juli 1794.
Tëscht dem Summer 1793 an dem Fréijoer 1794 war d'Schwächung vum Staat, déi 1789-90 ugefaangen hat, un hirem Paroxysmus ukomm, wat allméiglech Gewaltdoten erlaabt huet; de Comité de salut public, ënner dem Robespierre, krut Konkurrenz vum Comité de sûreté générale, deen d'Police dirigéiert huet an ënner der Leedung vun der Commune vu Paräis stoung, an deen zanter dem 10. August 1792 och d'militäresch Muecht a sengen Hänn gehalen huet. Eréischt am Mäerz 1794 gouf de Staat an den Hänn vum Comité de salut public nees gestäerkt[3].
D'Terreur war vum revolutionäre Gouvernement agefouert ginn, ënner dem Drock vun de radikalste Politiker; eng Rei Fräiheete goufen opgehuewen, an d'Politik huet géint Gefor fir d'Republik vu bannen a vu baussen ugekämpft. D'markant Personnage vun der Terreur, och « Terroriste » genannt, waren de Robespierre, de Saint-Just, de Couthon, de Collot d'Herbois, de Fouché an de Billaud-Varenne. D'Period ass och vu Versich vu wirtschaftleche, sozialen a kulturelle Reforme markéiert.
De Robespierre huet d'Ziler vun der Terreur an enger Ried, déi berüümt bliwwen ass, de 25. Dezember 1793 virun der Convention nationale presentéiert:
- «Le but du gouvernement constitutionnel est de conserver la République ; celui du gouvernement révolutionnaire est de la fonder. [...] Le gouvernement révolutionnaire doit au bon citoyen toute la protection nationale ; il ne doit aux Ennemis du Peuple que la mort. Ces notions suffisent pour expliquer l'origine et la nature des lois que nous appelons révolutionnaires [...]. Si le gouvernement révolutionnaire doit être plus actif dans sa marche et plus libre dans ses mouvements que le gouvernement ordinaire, en est-il moins juste et moins légitime ? Non ; il est appuyé sur la plus sainte de toutes les lois: le salut du Peuple.»
D'revolutionär Terreur huet sech op Konzepter baséiert, déi virun allem am Jean-Jacques Rousseau sengem Wierk Du contrat social erkläert goufen. Déi éischt Terreur hat kee fäerdege Plang a war och net duerch an duerch organiséiert am Géigesaz zu der zweeter Terreur vu 1793-1794 déi e konkreet Konzept benotzt huet, fir d'Republik ze retten. De Prinzip vun engem revolutionäre Gouverenemt gouf vun der Réimescher Republik iwwerholl.