Thermalbad Munneref
Établissement public; Thermalbad zu Munneref / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Thermalbad Munneref ass dat eenzegt Thermalbad zu Lëtzebuerg a läit zum gréissten Deel (37,38 ha) um Südostrand vun der Uertschaft Munneref an der Gemeng mat dem selwechten Numm am Kanton Réimech. E klengen Deel (5,25 ha) vum Domaine läit a Frankräich an der Gemeng Mondorff am Departement Moselle. Am Ganzen huet de Kuerpark eng Fläch vun 42,63 ha.
Séier Fakten Centre thermal et de santé de Mondorf-les-BainsThermalbad Munneref, Typ ...
Centre thermal et de santé de Mondorf-les-Bains Thermalbad Munneref | |
---|---|
D'Entrée fir d'Kueristen | |
Typ | Ëffentlecht Etablissement |
Grënnungsdatum | 18.12.1987 |
Sëtz |
Avenue des Bains L-5601 Munneref |
Leedung |
Paul Hammelmann (President CA) Pierre Plumer (Direkter) |
Homepage | www.mondorf.lu |
Zoumaachen
D'offiziell Bezeechnung vum ëffentlechen Etablissement ass Centre thermal et de santé de Mondorf-les-Bains[1], gëtt awer gemenkerhand ënner dem Numm „Mondorf Domaine Thermal“ kommerzialiséiert.