däitsche Moderator a Schauspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Thomas Johannes Gottschalk, gebuer den 18. Mee 1950 zu Bamberg, ass en däitsche Radio- a Fernseemoderator, Entertainer a Schauspiller, dee besonnesch als Moderator vun der TV-Emissioun Wetten, dass..? bekannt ass.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Thomas Gottschalk | |
---|---|
Gebuer |
18. Mee 1950 Bamberg |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Universitéit vu München |
Aktivitéit | Schauspiller, Televisiounsmoderateur, Dréibuchauteur, Radiosspeaker, Saachbuchauteur, Journalist, Filmregisseur, Filmschauspiller, Filmproduzent, Televisiounsproduzent, Rapper |
Den Thomas Gottschalk gouf als Fils vum Affekot Hans Gottschalk (* 1902 zu Oppeln/Oberschlesien; † 1964 zu Kulmbach) zu Bamberg gebuer. D'Famill war aus Oberschlesien geflücht an huet sech am fränkesche Kulmbach néiergelooss. De Gottschalk war Ministrant an der Kulmbacher Parkierch „Zu Unserer Lieben Frau“. Hien huet 1971 säin Abitur um humanistesche Markgraf-Georg-Friedrich-Gymnasium zu Kulmbach gemaach. Niewebäi war en nach als DJ an engem Kulmbacher Danzlokal beschäftegt an huet Nohëllefstonne ginn. Doriwwer eraus huet en nach als Kanner- a Jugendbetreuer vun der kathoulescher Kierch geschafft. Eng Bourse vun der Däitscher Bëschofskonferenz huet him erlaabt, Germanistik a Geschicht zu München ze studéieren. Do ass hien der kathoulescher Studentenorganisatioun Tuiskonia bäigetratt. Méi spéit war de Gottschalk Member am Bundesvorstand vum Cartellverband. Hien huet d'Pressereferat vum gréissten europäeschen Akademikerverband geleet.
Commons: Thomas Gottschalk – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.