1950

Joer From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1950.

Evenementer

Europa

Thumb
d'Oder-Neiße-Grenz

Lëtzebuerg

  • 27. Juni: Lëtzebuerg decidéiert, am Kader vun UN-Truppen, Zaldoten an de Koreakrich ze schécken.

Afrika

  • 27. Abrëll: Mam Group Areas Act decidéiert d'südafrikanesch Regierung am Kader vun hirer Apartheidspolitik, d'Wunn- an Aarbechtsgebidder no Rassen ze trennen.
  • 07. Juli: De Population Registration Act deelt d'Leit a Südafrika a verschidde "Rassen" an, fir d'Apartheidspolitik ze stäerken.

Amerika

USA

Südamerika

  • 03. Oktober: De Getúlio Dornelles Vargas gëtt zum Staatspresident vu Brasilien gewielt.
  • 13. November: De venezolanische President Carlos Delgado Chalbaud, dee Member vun der Militärjunta ass, déi un der Muecht ass, gëtt entféiert an ermuert.

Asien

Thumb
Oflaf vum Koreakrich

Koreakrich

  • 25. Juni: Ufank vum Koreakrich: Nordkoreanesch Truppen iwwerfale Südkorea.
  • 27. Juni: De Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen decidéiert, eng Interventiounstrupp opzestellen.
  • 28. Juni: Nordkoreanesch Truppen eruewere Seoul De 5. Juli komme se no der Schluecht vun Osan bis un d'Südküst vu Korea weider.
  • 07. Juli: Den US-Generol Douglas MacArthur iwwerhëlt déi iewescht Commande vun den UN-Truppen am Koreakrich.
  • 11. Juli: D'USA gi Südkorea 1,2 Mrd. Dollar Militärhëllef.
  • 31. Juli: Mat der Resolutioun 85 autoriséiert den UNO-Sécherheetsrot d'militäresch Interventioun vun enger UNO-Trupp a Korea.
  • 15. September: Mat der Landung bei Incheon fänkt d'Géigenoffensiv vun der UNO-Trupp un.
  • 30. September: Südkoreanesch Truppe ginn iwwer den 38. Breetegrad eraus; dëst gëtt nodréiglech de 7. Oktober vun der UNO accordéiert.
  • 19. Oktober: UN- Truppen eruewere Pjöngjang. Fräiwëllegenverbänn aus China kommen iwwer d'Grenz, fir Nordkorea ze hëllefen.
  • 25. Oktober: Éischt Kämpf tëscht der chineesescher Fräiwëllegenarméi an enger südkoreanescher Infanteriesunitéit.
  • 26. November: Ufank vun der Schluecht ëm de Chosin-Reservoir: d'UN-Truppe musse sech op de Bréckekapp vu Hŭngnam zeréckzéien, vu wou aus se Enn Dezember a Südkorea evakuéiert ginn.
  • 30. November: Den US-President Harry S. Truman dréit domat, dAtombomm anzesetzen.
  • 05. Dezember: D'Amerikaner musse sech aus Pjöngjang zeréckzéien.

Ozeanien & Pazifik

Arabesch Welt an Noen Osten

Remove ads

Konscht a Kultur

Molerei

Literatur

  • Edmond Dune, Matière première.
  • Edmond Dune, Enfantines.

Musek

Wëssenschaft an Technik

Sport

  • 19. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 2:2 géint Schwäiz. Déi zwéi Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Jules Gales geschoss.[1]
  • 16. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:4 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jules Gales a Marcel Rewenig geschoss.[2]
  • 21. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint England. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jules Gales geschoss.[3]
  • 04. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Frankräich.[4]
  • 18. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Bergen 2:2 géint Norwegen. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Léon Letsch a François Muller geschoss.[5]
  • 22. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Oslo 0:1 géint Norwegen.[6]
  • 29. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Éisträich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jules Gales geschoss.[7]
  • 12. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 2:2 géint Belsch. No engem Selbstgol vun de Belsch huet den Nicolas Kettel fir d'Lëtzebuerger den zweete Gol geschoss.[8]
Remove ads

Gebuer

Remove ads

Gestuerwen

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: 1950 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads