Tony Kellen
lëtzebuergesche Schrëftsteller, Iwwersetzer a Journalist / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Tony Kellen, gebuer als Peter Johann Anton Kellen de 26. Januar 1869 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen am Abrëll 1948, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller, Iwwersetzer a Journalist.
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Tony Kellen | |
---|---|
Gebuertsnumm | Peter Johann Anton Kellen |
Gebuer |
26. Januar 1869 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | Abrëll 1948 |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Kritiker, Schrëftsteller, Redakter, Iwwersetzer |
Famill | |
Papp | Jean-Baptiste Kellen |
Geschwëster | Paul Kellen |
Hien huet no sengem Studium zu Paräis vun 1892 bis 1895 zu Stroossbuerg gelieft wou en an der Redaktioun vun der Zeitung "Elsässer Journal und Niederrheinischer Courrier" geschafft huet. Duerno huet e bis 1917 zu Essen a verschiddene Funktioune geschafft, ë. a. als Redakter vun der kathoulescher "Essener Volkszeitung". Vu Mee 1917 bis zu sengem Doud huet en zu Hohenheim bei Stuttgart gelieft, wou e literaresche Beirat vun der "Franckh'scher Verlagsbuchhandlung" a Matarbechter vum Kosmos-Verlag war.[1]
Hien huet reegelméisseg an däitschen an och a franséischen a lëtzebuergeschen Zäitschrëften an Zeitungen iwwer Lëtzebuerg geschriwwen.[2]
Hie war de Bouf vum Jean-Baptiste Kellen an de Brudder vum Moler Paul Kellen.