U Thant

From Wikipedia, the free encyclopedia

U Thant
Remove ads

De Sithu U Thant, gebuer den 22. Januar 1909 zu Pantanaw an der Irawadi-Division (haut Myanmar), a gestuerwen de 25. November 1974 zu New York, war e Politiker aus Birma. Vun 1961 bis 1971 war hien den drëtte Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Remove ads

Liewen

1945 huet den U Thant sech mam U Nu der birmanescher Befreiungsbeweegung ënner dem Generol Aung San géint déi japanesch Besatzungsmuecht ugeschloss. 1947 gouf hien, ënner dem Ministerpresident U Nu, Informatiounsminister. Vun 1957 bis 1961 war hie birmanesche Delegéierte bei der UNO.

Den 3. November 1961 gouf hien Interims-Nofollger vum Dag Hammarskjöld, dunn, den 30. November 1962, fir weider véier Joer als drëtte Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen confirméiert.[1] a vun 1966 bis 1971 nach eng Kéier véier Joer.

1973 huet en de Mënscherechtspräis vun de Vereenten Natioune kritt.[2]

Remove ads

U-Thant-Kris

No sengem Doud, de 25. November 1974 zu New York, koum et a Birma zu der sougenannter U-Tant-Kris: De Staatspresident Ne Win hat refuséiert, him e Staatsbegriefnes z'accordéieren, wouropshin seng Läich vu Studenten entfouert gouf, déi en um Terrain vun enger Studentennunioun um Terrain vun der Universitéit vu Rangun (RUSU) begruewen hunn an him do e Mausoleum opgeriicht hunn. E puer Deeg drop huet d'Militär den Terrain gestiermt, woubäi e puer Studenten ëm d'Liewe komm sinn. D'Läich gouf matgeholl an virun der Shwedagon-Pagod begruewen, wouropshin et zu Manifestatiounen an de Stroosse vu Rangun koum. D'Regierung huet doropshin den Ausnamenzoustand ausgeruff.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: U Thant – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads