From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Nationalpark Uluru - Kata Tjuta ass eng vun deene gréissten Touristenattraktioune vun Zentralaustralien.
Am Northern Territory vun Australien läit den Nationalpark Uluru – Kata Tjuta, 355 km südwestlech vun Alice Springs, matzen an der rouder Wüst vum Kontinent. En huet eng Fläch vun 1325 km2 an ass 1958 gegrënnt ginn. Am Park leien zwee bedeitend geologesch Naturmonumenter: Den Uluru an de Kata Tjuta.
Fir d'Urawunner huet de Park eng héich spirituell a kulturell Bedeitung.
D'Anangu, d'Urawunner vun Australien, sinn déi traditionell Besëtzer vum Nationalpark. Wärend 100 Joer hunn si awer missen op hir Heemecht verzichten a kruten dunn de 26. Oktober 1985 hiert Gebitt vum australesche Staat zeréck, ënner der Konditioun, den Nationalpark fir Touristen zougänglech ze loossen. Wärend deenen honnert Joer gouf den Uluru Ayers Rock genannt an d'Kata Tjuta Olgas.
Am Nationalpark liewen 160 Vullenaarten, 72 Reptillaarten, dorënner déi gréisst australesch Eidechs, den 2,5 m laange Risewaran, d'Schwaarzkapppython oder den Därendäiwel, verschidde Schlaangenaarten a 24 Zorte Mamendéieren, wéi d'rout Risekänguru, d'Biergkänguru oder de Beidelmull. Donieft gëtt et Gruppe vun Akazienaarten, Spinifexgras, Eukalyptusplanzen a Kasuarinegewächs.
Commons: Uluru-Kata Tjuta National Park – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.