1985
Joer From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1985. D'Joer 1985 huet op engem Dënschdeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1981 |
1982 |
1983 |
1984 |
1985
| 1986
| 1987
| 1988
| 1989
| ►
| ►►
Evenementer

Europa
- 5. Februar: Spuenien mécht d'Grenz zu Gibraltar op, déi zanter 16 Joer zou war.
- 12. Juni: Spuenien ënnerschreift de Bäitrëttstraité zu den Europäesche Gemeinschaften.
- 29. Mee: Ongléck am Heysel Stadion zu Bréissel mat 39 Doudege beim Foussballspill Juventus Turin géint den FC Liverpool.
Lëtzebuerg
- 1. Februar: De Kapuzinertheater mécht nodeems e laang eidel stoung an du restauréiert gouf, nees seng Dieren op.
- 1. Mäerz: D'Société européenne des satellites (SES) gëtt gegrënnt.
- 7. Abrëll: Den Daachstull vun engem Tuerm vun der Kathedral verbrennt.
- 12. Abrëll: Sprengung vun (engem) onbekannte Bommeleeër vun engem Chalet bei Buerschent.
- 16. Abrëll: Affär Bauerenzentral: De Generalsekretär Mathias Berns an de Finanzchef Josy Ewert gi fir een Dag an de Prisong op Schraasseg bruecht.
- 27. Abrëll: Attentat vun (engem) onbekannte Bommeleeër op d'Cegedel um Stafelter.
- 7. Mee: Attentat vun (engem) onbekannte Bommeleeër op d'Cegedel Schléiwenhaff.
- 15. Mee: De Poopst Jean-Paul II. ass fir 2 Deeg op Visitt.
- 27. Mee: Attentat vun (engem) onbekannte Bommeleeër op Gendarmerie Verluerekascht.
- 29. Mee: Attentat vun (engem) onbekannte Bommeleeër op Cegedel zu Itzig.
- 14. Juni: D'Schengener Ofkommes gëtt zu Schengen vu 5 Länner ënnerschriwwen.
- 23. Juni: Attentat vun (engem) onbekannte Bommeleeër op Gaswierk zu Hollerech.
- 1. Juli: Lëtzebuerg iwwerhëlt turnusgeméiss d'Presidentschaft vun der EG.
- 1. Juli: Den éischte lëtzebuergeschen Dausend-Frang-Schäin kënnt an Ëmlaf.
- 9. Juli: D'Groussherzogin Charlotte stierft am Alter vun 89 Joer zu Fëschbech am Schlass.
- 5. Juli: Boobie-trap vum Bommeleeër zu Blaaschent an Attentat an de Kasematten an der Stad.
- 26. Juli: Attentat vun (engem) onbekannte Bommeleeër op d'Wort zu Gaasperech.
- 29. August: Attentat vun (engem) onbekannte Bommeleeër op d'Police an d'Ponts & Chaussées um Glacis.
- 30. September: Attentat vun (engem) onbekannte Bommeleeër op d'Piscine Olympique um Kierchbierg
- 20. Oktober: Attentat vun (engem) onbekannte Bommeleeër op de Palais de Justice an der Stad
- 30. Oktober: Bankiwwerfall mat engem Doudegen an 10 Verletzten.
- 9. November: Attentat vun (engem) onbekannte Bommeleeër op d'Radaranlag vum Fluchhafen um Findel.
- 30. November: Attentat vun (engem) onbekannte Bommeleeër op d'Cegedel am Gréngewald.
- 2. Dezember: Attentat vun (engem) onbekannte Bommeleeër op de Sommet um Kierchbierg.
Schwäiz
- 1. Januar: Aféierung vun der Autosvignette fir Autobunnen.
Unioun vun de sozialistesche Sowjetrepublicken
- 11. Mäerz: De Michail Gorbatschow gëtt Generalsekretär vun der kommunistescher Partei.
Afrika
Amerika
USA
Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Remove ads
Konscht a Kultur
Molerei
Literatur
Musek
- 4. Mee: D'Grupp Bobbysocks gewënnt fir Norwegen mam Lidd La det swinge den 30. Eurovision Song Contest zu Göteborg.
- 13. Juli: Live-Aid-Concert zu London a Philadelphia mat ënner anerem David Bowie, Bob Dylan, Elton John, Madonna, Queen, Sade, Tina Turner, U2, ...
Wëssenschaft an Technik
Katastrophen
- 13. November: De Vulkan Nevado del Ruiz a Kolumbien ass ausgebrach. D'Gasen, déi entstane sinn, hunn en Deel vum Äis geschmolt an d'Waasser-an d'Schlammmassen hunn d'Stad Armero verwüüst, 31.000 Doudeger.
Sport
Foussball
- D'Jeunesse Esch gëtt nationale Champion am Foussball, d'Red Boys Déifferdeng gewannen d'Coupe du Luxembourg.
- 27. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Zenica, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1986, 0:1 géint Jugoslawien.[1]
- 24. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Ettelbréck 0:0 géint Island.[2]
- 1. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1986, 0:1 géint Jugoslawien.[3]
- 18. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Babelsberg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1986, 1:3 géint déi Däitsch Demokratesch Republik. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Roby Langers geschoss.[4]
- 25. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1986, 1:3 géint Bulgarien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Roby Langers geschoss. De Guy Hellers hat mat engem Selbstgol d'Bulgaren a Féierung bruecht.[5]
- 30. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Paräis, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1986, 0:6 géint Frankräich.[6]
Remove ads
Gebuer
- 2. Januar: Carla Juri, Schwäizer Schauspillerin.
- 7. Januar: Lewis Hamilton, F1-Pilot.
- 7. Januar: Serge Milano, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 8. Januar: Elisabeth Pähtz, däitsch Schachspillerin.
- 11. Januar: Newton Faulkner, englesche Museker.
- 12. Januar: Marc Goergen, lëtzebuergesche Politiker.
- 14. Januar: Nadeschda Anatoljewna Kossinzewa, russesch Schachspillerin.
- 17. Januar: Cathy Krier, lëtzebuergesch Pianistin.
- 21. Januar: Kazuki Nakajima, F1-Pilot.
- 6. Februar: Mary Van Dyck, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 7. Februar: François Benoy, lëtzebuergesche Politiker.
- 16. Februar: Jérôme Bigard, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 9. Mäerz: Natalja Andrejewna Pogonina, russesch Schachspillerin.
- 10. Mäerz: Jeff Eich, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 17. Mäerz: Anne Ross, däitsch Sängerin.
- 20. Mäerz: Gintare Parulyte, litauesch Schauspillerin.
- 21. Mäerz: Claire Lademacher, d'Fra vum Felix vu Lëtzebuerg.
- 26. Mäerz: Keira Knightley, englesch Schauspillerin.
- 30. Mäerz: Miriam Cani, däitsch Sängerin.
- 2. Abrëll: Dan Collette, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 6. Abrëll: Zhao Xue, chineesesch Schachgroussmeeschtesch.
- 9. Abrëll: Linda Villumsen, neiséilännesch Vëlossportlerin a Weltmeeschterin.
- 12. Abrëll: Şəhriyar Məmmədyarov, aserbaidjanesche Schachgroussmeeschter.
- 20. Mee: Christopher Froome, brittesch-kenianesche Vëlossportler.
- 21. Mee: Mark Cavendish, englesche Vëlossportler.
- 23. Mee: Tania Blasen, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 24. Mee: Luc Spada, lëtzebuergesche Schauspiller a Schrëftsteller.
- 25. Mee: Dominique Benseghir, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 1. Juni: Sandra Bertrand, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 1. Juni: Jeff Boonen, lëtzebuergesche Bauer a Politiker.
- 10. Juni: Andy Schleck, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 10. Juni: Tess Burton, lëtzebuergesch Politikerin.
- 27. Juni: Nico Rosberg, F1-Pilot.
- 30. Juni: Michael Phelps, US-amerikanesche Schwëmmer.
- 3. Juli: Marc Schmit, lëtzebuergesche Seegler.
- 12. Juli: Catherine Keipes, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 17. Juli: Martin Kohler, Schwäizer Vëlossportler.
- 17. Jui: Jairo Delgado Ferreira, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 23. Juli: Philippe Schwartz, lëtzebuergeschen Euphonium-Spiller.
- 25. Juli: Nelson Angelo Piquet, F1-Pilot.
- 29. Juli: Marie Muller, lëtzebuergesch Judoka a Sportlerin vum Joer 2008.
- 31. Juli: Rémy Di Gregorio, franséische Vëlossportler.
- 27. August: Daniel Küblböck, däitsche Sänger.
- 30. August: Andy König, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 4. September: Marie Jung, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 13. September: Carole Sitz, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 11. September: Daniel da Mota, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 8. Oktober: Tom Schnell, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 11. Oktober: Michelle Trachtenberg, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 21. Oktober: Vivi Giampaolo, italieenesch Schauspillerin.
- 23. Oktober: Masiela Lusha, albanesch-US-amerikanesch Schauspillerin a Schrëftstellerin.
- 5. November: Frédéric Davidson, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 16. November: Sanna Marin, finnesch Politikerin.
- 22. November: Mandy Minella, lëtzebuergesch Tennisspillerin.
- 28. November: Anne-Catherine Schlink, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 10. Dezember: Bu Xiangzhi, chineesesche Schachgroussmeeschter.
- 14. Dezember: Jakub Błaszczykowski, polnesche Foussballspiller.
Remove ads
Gestuerwen
- ?: Jacques Hoffmann, lëtzebuergesche Politiker.
- 10. Januar: Anton Karas, éisträicheschen Zitherspiller.
- 11. Januar: Noëlle Norman, franséisch Schauspillerin.
- 31. Januar: Jean-Pierre Moris, lëtzebuergesche Schwëmmer an Olympionik.
- 7. Februar: Jules Schreiner, lëtzebuergesche Politiker a Foussballspiller.
- 8. Februar: Norah Baring, brittesch Schauspillerin.
- 10. Februar: Werner Hinz, däitsche Schauspiller
- 11. Februar: Henry Hathaway, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 17. Februar: Robert Mond, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 18. Februar: Gábor Darvas, ungaresche Komponist a Musekswëssenschaftler.
- 21. Februar: Jules Michels, lëtzebuergesche Bobfuerer an Olympionik.
- 22. Februar: René Weimerskirch, lëtzebuergeschen Auteur a Schoulmeeschter.
- 25. Februar: Carlo Hury, lëtzebuergesche Bibliothekär, Archivist an Historiker.
- 26. Februar: André Beucler, franséische Filmregisseur an Auteur.
- 3. Mäerz: Jean Nickels, lëtzebuergesche Kanut an Olympionik.
- 10. Mäerz: Konstantin Tschernenko, Politiker aus der Unioun vun de Sozialistesche Sowjetrepublicken.
- 21. Mäerz: Michael Redgrave, englesche Schauspiller an Auteur.
- 22. Mäerz: Gusty Laurent, lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.
- 28. Mäerz: Marc Chagall, wäissrussesch-franséische Moler.
- 29. Mäerz: Soeur Sourire, belsch Nonn, Sängerin.
- 29. Mäerz: Luther Leonidas Terry, US-amerikaneschen Dokter.
- 11. Abrëll: Enver Hoxha, President vun Albanien.
- 24. Abrëll: Sergei Josifowitsch Jutkewitsch, russesche Redakter.
- 7. Mee: Dawn Addams, englesch Schauspillerin.
- 12. Mee: Jean Dubuffet, franséische Sculpteur.
- 1. Juni: Richard Greene, brittesche Schauspiller.
- 4. Juni: Hélène Hiertz, lëtzebuergesch Kächen.
- 18. Juni: Régine Renchon, belsch Molerin a Schrëftstellerin.
- 8. Juli: Jean-Paul Le Chanois, franséische Filmregisseur.
- 9. Juli: Charlotte, Groussherzogin vu Lëtzebuerg (1919-1964).
- 16. Juli: Heinrich Böll, däitsche Schrëftsteller.
- 23. Juli: Alphonse Feyder, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 28. Juli: Michel Audiard, franséischen Auteur a Filmregisseur.
- 8. August: Louise Brooks, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 14. August: Marie Bell, franséisch Schauspillerin.
- 27. August: François Neuens, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 10. September: Ernst Öpik, esteschen Astronom.
- 29. September: Benjamin Markarjan, armeeneschen Astronom an Astrophysiker.
- 30. September: Simone Signoret, franséisch Schauspillerin.
- 2. Oktober: Rock Hudson, US-amerikanesche Schauspiller.
- 7. Oktober: Wolfgang Kieling, däitsche Schauspiller.
- 10. Oktober: Yul Brynner, US-amerikanesche Schauspiller.
- 10. Oktober: Orson Welles, US-amerikanesche Regisseur a Schauspiller.
- 15. Oktober: Charles Reiffers, lëtzebuergesche Jurist.
- 21. Oktober: Jean-Pierre Schmit, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Theolog, Museker, Komponist a Dirigent.
- 22. Oktober: Romain Fandel, lëtzebuergesche Politiker.
- 8. November: Nicolas Frantz, lëtzebuergesche Vëlossportler an zweefachen Tour-de-France-Gewënner.
- 27. November: Fernand Braudel, franséischen Historiker.
- 9. Dezember: Victor Vicas, russesch-franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 10. Dezember: Josy Goerres, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 12. Dezember: Anne Baxter, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 12. Dezember: Phil Karlson, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 13. Dezember: Max Ersfeld, lëtzebuergesche Moler.
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: 1985 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads