Westjordanland
Gebitt am Noen Osten, westlech vu Jordanien an ëstlech vun Israel / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Westjordanland (Arabesch الضفة الغربية, DMG aḍ-Ḍaffa al-Ġarbiyya, aḍ-Ḍiffa al-Ġarbiyya, Hebräesch הגדה המערבית haGada haMa'arawit), och als Westbank oder (méi rar) Cisjordanien bezeechent, ass e Gebitt am Noen Osten, westlech vu Jordanien an ëstlech vun Israel, dat zënter dem Krich vu Sechs Deeg (5. bis den 10. Juni 1967) vun Israel besat ass an ënnert der israeelescher Militär-Geriichtsbarkeet steet. Déi israeelesch Bezeechnung fir d'Gebitt ass „Judäa a Samaria“ (Hebräisch יהודה ושומרון Jehuda we-Schomron).
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Westjordanland الضفة الغربية הגדה המערבית | |||||||
| |||||||
Offiziell Sprooch: | Arabesch, Hebräesch | ||||||
Staatsform: | Palestinensescht Gebitt, dat zënter dem Krich vu Sechs Deeg (1967) vun Israel besat ass an zu 60 % vun Israel, zu 18 % vu Palestina an zu 22 % kollektiv geréiert gëtt | ||||||
Fläch: | 5.655 km² | ||||||
Bevëlkerung: | 2.949.246 (Schätzung 2021) | ||||||
• Bevëlkerungsdicht: | 522/km² | ||||||
Wärung: | (neien israeeleschen) Schekel | ||||||
Zäitzon: | UTC +2 | ||||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+970 | ||||||
D'Westjordanland besteet zu 40 % aus Enklave vun de palestinenseschen Autonomiegebidder an huet eng Fläch vu ronn 5.800 km², wouvu ronn 220 km² Waasserfläch sinn. Vun de geschaten 3 Milliounen Awunner (2022) sinn ongeféier 2,5 Millioune Palestinenser (Moslemen, Chrëschten a Samariter) a ronn 430.000 Judden. Se liewen an zirka 213 israeelesche Siidlungen an hiren 132 Bausseposten.