(35) Leukothea

Asteroid From Wikipedia, the free encyclopedia

(35) Leukothea
Remove ads

Den (35) Leukothea ass en Asteroid vun der Haaptceinture.

Séier Fakten Eegenschafte vum Orbit, Orbittyp ...

Den Objet gouf den 19. Abrëll 1855 vum Karl Theodor Robert Luther am Observatoire Düsseldorf entdeckt.

Den Himmelskierper gouf no der Leukothea, enger Mieresgëttin, déi den Odysseus virum Erdrénke gerett huet, genannt.

Den Asteroid Leukothea beweegt sech op enger Distanz vun 2,3211 (Perihel) bis 3,6689 (Aphel) AE a 5,184 Joer ëm eis Sonn. D'Bunn steet 7,929° schréi zu der Ekliptik, an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,225.

Op Basis vun der absolutter Hellegkeet vun 8,5 an enger fir Asteroide mat donkler, kuelestoffhalteger Uewerfläch typescher Albedo vun 0,066 léisst sech fir de Leukothea e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 104 Kilometer ofleeden. Et ass och z'erwaarden, datt d'Struktur vum Asteroid zimmlech onreegelméisseg ass, well d'Eegegravitatioun fir d'Formung vun engem Rotatiounsellipsoid net duergeet.

Remove ads

Aspekter

Méi Informatiounen Stationär, da réckleefeg, Oppositioun ...
Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads