(433) Eros
Asteroid From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den (433) Eros ass een Asteroid, deen den 13. August 1898 vum Carl Gustav Witt entdeckt gouf. Et war deen éischte bekannten äerdnoen Asteroid. Den Himmelskierper gouf nom Eros, dem Gott vun der Léift aus der griichescher Mythologie, genannt.
Remove ads
Entdeckung
Der Asteroid gouf op enger Fotoplack entdeckt, déi den Astronom G. Witt an säin Assistent F. Linke an der Nuecht vom 13. August 1898 am Berliner Urania-Observatoire beliicht haten. Och den Auguste Charlois zu Nice hat den Asteroid an der selwechter Nuecht opgeholl. Hien hat awer net erkannt, wat hien opgeholl hat.
Seng Bunn
Den Eros war den éischte bekannten Asteroid, deem seng Bunn deelweis bannenzeg vun der Marsbunn verleeft. Hie gehéiert domat zu der Klass vun den äerdnoen Amor-Asteroiden. Hie beweegt sech op enger Distanz vun 1,133 (Perihel) bis 1,783 (Aphel) astronomesch Enheeten, an 1,76 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn ass ëm 10,83° schréi zu der Ekliptik, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,223.
Opbau

Den Eros ass een onreegelméissig geformten Himmelskierper mat enger Ausdeenung vun 33 × 13 × 13 Kilometer. Hie weist eng relativ hell silikathalteg Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,16 op. Seng Dicht entsprécht mat 2,4 g/cm3 ongeféier der Dicht vu Silikatsteng.
A ronn 5 Stonnen a 16 Minutte rotéiert hien ëm seng eegen Achs. Miessungen hunn erginn, datt d'Temperaturen op der sonnenzougewandter Säit (Dagessäit) vum Asteroid op 100 °C klëmmt, wärend si op der Nuechtsäit op -150 °C eroffalen. Wärend der Oppositioun klëmmt d'Hellegkeet op 8,3 mag.
Den Eros gouf vum 14. Februar 2000 bis zum 12. Februar 2001 intensiv vun der Raumsond NEAR-Shoemaker ënnersicht. D'Sond war op eng Ëmlafbunn ëm den Asteroid bruecht ginn an ass schliisslech op senger Uewerfläch erofgaangen an huet dobäi detailléiert Fotoe gemaach. Et huet sech gewisen, datt den Eros mat Krater iwwerséit ass. Och Rillen an déif Aschnëtt duerchzéie seng Uewerfläch, an iwwerall leie Fielsstécker. Dësen Asteroid hat warscheinlech staark Kollisioune mat aneren Himmelskierper.
Zukunft

De Wiener Astronom R. Dvorak huet berechent, datt den Eros no 20 Joermilliounen op d'Sonn fält.
Observatioun
Op der Tabell sinn d'Observatiounsméiglechkeete vum Eros fir d'Joren 2005 bis 2011. Nieft dem Datum vun der Oppositioun ass och déi visuell Magnitude an d'Distanz vum Eros zu eiser Äerd bei der Oppositioun notéiert.
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
![]() |
Commons: (433) Eros – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads