1814
Joer From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1814.
◄ |
18. Joerhonnert |
19. Joerhonnert
| 20. Joerhonnert
| ►
◄◄ |
◄ |
1810 |
1811 |
1812 |
1813 |
1814
| 1815
| 1816
| 1817
| 1818
| ►
| ►►
Evenementer
Europa
- 14. Januar: Fridde vu Kiel: Dänemark iwwerléisst Norwegen u Schweden, Helgoland geet un d'Vereenegt Kinnekräich Dänemark kritt vu Schweden Virpommern.
- 11. Februar: Den Napoleon gewënnt d'Schluecht vu Montmirail.
- 9. Mäerz: Éisträich, Preisen, Russland an d'Vereenegt Kinnekräich verflichte sech am Traité vu Chaumont ë. a. op géigesäiteg Hëllef a fuerderen den Napoleon op, d'Muecht ofzeginn - dee refuséiert.
- 18. Mäerz: Déi virdru franséisch Territoiren tëscht Rhäin, Meuse, Musel an der franséischer Grenz vu viru 1792, an domat och déi vum fréieren Herzogtum Lëtzebuerg, ginn zu der Provënz Mëttelrhäin zesummegefaasst.
- 29. Mäerz: Nei Verfassung an den Nidderlanden.
- 31. Mäerz: Déi alliéiert Truppe besetze Paräis.
- 6. Abrëll: De franséische Senat setzt den Napoleon of.
- 11. Abrëll: Den Napoleon trëtt zeréck.
- 16. Abrëll: Den Eugène de Beauharnais ergëtt sech am Nord-Italien den Éisträicher.
- 4. Mee: Den Napoleon kënnt op Elba un, wuer e verbannt gouf.
- 17. Mee: Norwegen gëtt sech eng eege Verfassung an erkläert seng Onofhängegkeet.
- 30. Mee: Am éischte Friddenstraité vu Paräis tëscht Frankräich op där enger Säit an Éisträich, Preisen, Russland an dem Vereenegt Kinnekräich op där anerer gëtt sech gëeenegt, datt Frankräich nees seng Nordgrenz do hätt, wou se 1792 war, an datt Holland ënner d'Souveränitéit vum Haus Oranien-Nassau kéim. D'Verträg tëscht Frankräich an Éisträich vun 1805 an 1809 an déi tëscht Frankräich a Preise vu 1795 an 1806 ginn annulléiert.
- 4. Juni: Den neie Kinnek Louis XVIII. vu Frankräich léisst eng nei Verfassung ausschaffen.
- 21. Juli: De Prënz Wilhelm vun Nassau gëtt als Wëllem I. vun den Nidderlanden introniséiert.
- 7. August: De Poopst Pius VII. léisst de Jesuittenuerden nees zou.
- 13. August: Am Traité vu London eenegen Holland an d'Vereenegt Kinnekräich sech drop, datt d'Britten den Hollänner déi meescht Territoiren, déi se hinnen zanter 1795 ofgeholl haten, nees zeréckgéifen. Anerer, wéi Ceylon oder d'Kapkolonie, bleiwe brittesch.
- 8. Oktober: Ouverture vum Wiener Kongress, dee bis den 9. Juni 1815 dauert.
Lëtzebuerg (Territoire vum haitegen ~)
- Wanter 1813-1814: Eng 3.600 Mënschen, 2,4 Prozent vun der Lëtzebuerg Populatioun, stierwen u Fleckféiwer (Typhus) - ronn 1.200 Zaldote vun der napoleonescher Arméi an eng 2.400 Zivilisten. Eleng Gréiwemaacher verléiert e Sechstel vun den Awunner.
- 13. Mee: Déi franséisch Garnisoun verléisst d'Festung Lëtzebuerg, an d'Plaz kënnt en Hessescht Regiment.
- 20. Mee: Déi éischt Nummer vum Journal officiel du Départment des Forêts kënnt eraus, deen 1815 a Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg ëmbenannt gëtt, de Virleefer vum Mémorial.
- 12. November: Groussbrand zu Ettelbréck; vill Haiser ginn zerstéiert.
Afrika
Amerika
USA
- 24. August: Am brittesch-amerikanesche Krich besetze brittesch Truppe Washington a brennen d'Wäisst Haus of.
- 24. Dezember: am Fridde vu Gent eenege sech d'Vereenegt Kinnekräich an d'Vereenegt Staaten op en Enn vum Krich tëscht hinnen.
Südamerika
Asien
- 1. Februar: De philippinnesche Vulkan Mayon brécht aus; 1200 Mënsche kommen ëm d'Liewen.
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Remove ads
Konscht a Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Wëssenschaft an Technik
Gebuer
- Joseph Chrétien Gretsch, lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker.
- 6. Mee: Josif Pančić, serbesche Botaniker an Agronom.
- 25. Juni: Gabriel Auguste Daubrée, franséische Geolog.
- 19. Juli: Samuel Colt, US-amerikaneschen Erfinder an Industriellen.
- 23. Juli: Alexandre Schintgen, lëtzebuergeschen Affekot a Lokalpolitiker.
- 13. August: Anders Jonas Ångström, schweedeschen Astronom a Physiker.
- 18. August: Auguste-Antoine Charles, lëtzebuergeschen Industriellen a Banquier.
- 6. September: Nicolas Dominique Schmit, lëtzebuergeschen Dokter.
- 10. September: Henri-Guillaume Galeotti, Botaniker a Geolog.
- 13. September: Joseph-Ernest Buschmann, lëtzebuergesche Schrëftsteller, Drécker an Enseignant.
- 27. September: Daniel Kirkwood, US-amerikaneschen Astronom.
- 3. Oktober: Hervé Faye, franséischen Astronom a Bildungsminister.
- 6. November: Adolphe Sax, belschen Instrumentebauer (Saxophon).
Remove ads
Gestuerwen
- 1. Abrëll: Joseph de Ferraris, Militär an der éisträichescher Arméi a Kartograph.
- 25. August: Carl Englerth, preiseschen Industriellen an Offizéier.
- 2. Dezember: Donatien Alphonse François Marquis de Sade, franséischen Auteur.
Um Spaweck
| Commons: 1814 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads