(367943) Duende

Asteroid From Wikipedia, the free encyclopedia

(367943) Duende
Remove ads

Den (367943) Duende (provisoresch Bezeechnung: 2012 DA14) ass en Äerdnoen Asteroid aus der Grupp vun den Aten-Asteroiden, dee bis de 15. Februar 2013 zu den Apollo-Asteroide gezielt huet. E gouf den 23. Februar 2012 um OAM Observatoire vu La Sagra a Spuenien entdeckt. En huet e geschaten Duerchmiesser vu 46 Meter (no aneren Donnéeën: 58 Meter[1]) an eng Mass vu ronn 130.000 Tonnen.

op ee Bléck Eegenschafte vum Orbit, Orbittyp ...
Remove ads

Rendez-vous am Februar 2013

Den (367943) Duende koum de 15. Februar 2013 bis op ronn 27.700 km un eis Äerd erun[2] (0,00016 AE), wat bannent der Ëmlafbunn vun de geostationäre Satellitte läit.

Den Asteroid hat eng visuell Magnitude vu 7,4 mag a war dofir net mat bloussem A ze gesinn. Déi klengst Distanz zu der Äerd gouf um 20:24 Auer (MEZ) iwwer Sumatra am ëstlechen Indeschen Ozean erreecht[2]. Duerch den noe Rendez-vous mat der Äerd huet d'Ëmlafbunn vum Asteroid sech geännert. E gëtt dofir net méi zum Apollotyp, mä zu den Aten-Asteroide gezielt.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Referenzen

  1. .Nasa-Bericht vum 04. Februar 2013
    vereelzt Schätzung vun der ESA vum 15. Mäerz 2012
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads